Messincourt
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Sedan
Kanton Carignan
Postcode 08110
Gemengecode 08289
Koordinaten 49° 40’ 51’’ N
      05° 10’ 07’’ O
Fläch  815 ha
Bevëlkerung  530 (1999)

Messincourt ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est.

Messincourt läit op enger Héicht vu ronn 240 m am Dall vun der Aunois um Zesummelaf mat dem Ruisseau de la Goutelle, an op der Grenz mat der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Messincourt gëtt 1096 fir d'éischt schrëftlech ernimmt a kritt 1278 säi Fräiheetsbréif. D'Uertschaft huet bis an d'16. Joerhonnert zur Seigneurerie vu Sedan gehéiert.

Kuckeswäertes änneren

  • D'Reschter vum ronnen Tuerm deen zum Schlass gehéiert huet.
  • Bei der Kierch dat sougenannnte Schlass aus dem 17. Joerhonnert.
  • D'Kierch mat dem Tuerm vu 1777.

Kuckt och änneren