Joseph Schroeder

lëtzebuergesche Politiker, Chemiker a Journalist

De Joseph Schroeder, gebuer den 30. Mee 1892 zu Déifferdeng, a gestuerwen den 1. Oktober 1971 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Politiker, Chemilaborant, Journalist a Gemengebeamten.[1]

Joseph Schroeder
Gebuer 30. Mee 1892
Gestuerwen 1. Oktober 1971

Hien huet no senger Primärschoul, an enger Léier, als Laborant op der Déifferdenger Schmelz (1905-1912) an zu Esch op der Arbed (1912-1932) geschafft. Dono war hien, bis 1940, Journalist beim Escher Tageblatt. An an nom Krich huet hien, bis 1957, an der Escher Bibliothéik geschafft.

Hie war, vun 1929 bis zum Ausbroch vum Krich, Member vum Escher Gemengerot fir d'Sozialistesch Partei. Nom Krich hat hie Sträit mat dëse Partei kritt an hie gouf Member vun der Kommunistescher Partei, fir déi e vun 1958 bis 1969 am Gemengerot vu Esch souz.

Bei de Partielle Chamberwale vum 3. Juni 1934 gouf hien op der Süd-Lëscht vun der Lëtzebuergescher Aarbechterpartei an d'Chamber gewielt.


Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.178.