Etienne Weber

Lëtzebuerger Politiker

Den Etienne Weber, gebuer de 27. Februar 1887 zu Wegdichen, an och do de 17. September 1957 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Politiker.[1]

Etienne Weber
Gebuer 27. Februar 1887
Gestuerwen 17. September 1957
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Hie koum aus einfache Verhältnesser an huet mat 14 Joer misse schaffe goen, fir d'éischt an e Steebroch op Aldringen, dono an eng Gierwerei op Wolz. Hien hat och niewelaanscht e klengt Bauerewiesen.

Vum 31. Oktober 1920 bis de 27. Mäerz 1956 war hie Gemengerot zu Wolz, wouvun déi lescht puer Méint als Schäffen.

Bei de Chamberwale vum 6. Juni 1937 gouf hien als Deputéierten aus dem Nordbezierk an d'Chamber gewielt.

Nom Zweete Weltkrich war hie Member vun der Assemblé consultative. Bei de Wale vum 21. Oktober 1945 gouf hien net méi erëmgewielt.

Hie war mat der Suzanne Michaelis bestuet a Papp vun 3 Kanner.

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.193.