Pierre Schockmel

lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pierre Schockmel, gebuer den 12. Februar 1904[1] zu Zolwer a gestuerwen den 1. Oktober 1967, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker (CSV).

Pierre Schockmel
Gebuer 12. Februar 1904
Zolwer
Gestuerwen 1. Oktober 1967
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler

Hie war 1945 Member vun der Assemblée consultative a gouf bei de Chamberwale vum 1. Februar 1959 an och bei deene vum 7. Juni 1964 als Deputéierten aus dem Walbezierk Süden an d'Chamber gewielt. De Pierre Schockmel war ausserdeem vun 1967, bis zu sengem Doud, Generalsektretär vum LCGB.[2]

Referenzen änneren

  1. "Pierre Schockmel †" Luxemburger Wort vum 2. Oktober 1967
  2. "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." In: Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.61.