Anubispavian
Den Anubispavian oder Grénge Pavian (Papio anubis) ass eng Primatenaart aus der Gattung vun de Pavianen (Papio) bannent der Famill vun de Cercopithecidae. Säin Numm geet op den egyptesche Gott Anubis zeréck, deen dacks mat engem Hondskapp duergestallt gouf an e gewësse Glach mat der Schnëss vum Pavian huet.
Anubispavian | |||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
En Anubispavian | |||||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||||
| |||||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||
Papio anubis Lesson, 1827 |
Morphologie
ännerenAnubispaviane hunn e gro- bis olivgrénge Pelz, d'Männercher hunn op de Schëlleren an um ieweschte Réck eng Mähn. D'Schnëss ass laanggezunn, ouni Hoer a schwaarz gefierft, an och den Hënner huet keng Hoer an ass donkel. Vum Kapp bis un den Hënner ginn d'Déieren 48 bis 76 Zentimeter laang, derbäi kënnt e Schwanz vun 38 bis 58 Zentimeter. D'Männchercher gi mat bis zu 25 Kilogramm däitlech méi schwéier wéi d'Weibercher, déi just eng 15 Kilo weien. Och de Männercher hir Eckzänn sinn däitlech méi grouss.
Verbreedung, Habitat
ännerenD'Anubispaviane sinn déi am wäitste verbreet Pavianaart: a Mëttelafrika vu Mali bis Ethiopien a südlech bis an Tansania. Si liewen haaptsächlech an de Savannen, kënnen awer och a Bëscher an aneren Habitater virkommen.
Liewensweis, Kascht
ännerenD'Anubispaviane sinn daagsiwwer meeschtens um Buedem, wou se op véier Patte lafen. Nuets klamme se gär op Beem oder Fielse fir ze schlofen. Se liewen a Gruppen vu 15 bis 150 (meeschtens 40 bis 80) Déieren. An dëser Grupp gëtt et eng streng Hierarchie, mat komplexem Sozialbehuelen.
Si sinn Allesfrësser, an erniere sech haaptsächlech vu Friichten, Grieser, Wuerzelen a Knollen, mä och vun Insekten, Eeër a klenge Wierbeldéieren.
D'Déiere kënne sech dat ganzt Joer duerch fortplanzen. Dacks gëtt et Gestreits an der Grupp, wat fir e Männche bei wat fir engem Weibchen zum Zuch kënnt. No 180 Deeg kënnt (gewéinlech just all Kéier ee) Klengen op Welt, deen 1 kg weit a schwaarz gefierft ass. No engem Joer gëtt e gespéint, no 5 bis 8 Joer ass e geschlechtsräif.
D'Déiere kënne 25 bis 30 Joer al ginn.
Literatur
änneren- Thomas Geissmann: Vergleichende Primatologie. Springer-Verlag, Berlin u. a. 2003, ISBN 3-540-43645-6.
Um Spaweck
ännerenCommons: Papio anubis – Biller, Videoen oder Audiodateien |