Spënn
Spënn, och alt Spenn oder Spéin, ass de lëtzebuergeschen Ausdrock fir Mammemëllech.
"Spéinen" ass d'Verb, dat ausdréckt, datt e Kand vun der Mëllech entwinnt gëtt, deemno net méi geniert gëtt.
Vun deem Begrëff si verschidden Ausdréck ofgeleet, déi d'Luxemburger Wörterbuch ernimmt:
- d'Spënn geet net
- verklaust Spënn, vum Verb verklausen, dat no an no ofhuele bedeit
- Béier mécht Spënn
- hausmaacher Béier war dat bescht fir d'Spënn an de Gank ze kréien