Eternal Tango
Eternal Tango war eng lëtzebuergesch Rockgrupp déi tëscht 2002 an 2012 existéiert huet.
Eternal Tango | |
---|---|
Museksgenre | Alternative Rock |
Land | Lëtzebuerg |
Grënnung | 2002 |
Trennung | 2012 |
Websäit | |
Memberen |
David Moreira (Gesank & Scream) Tom Gatti (Bass-Gittar & Gesank) David Schmit (Lead-Gittar) Joe Koener (Gittar) Pit Romersa (Batterie) |
Bandgeschicht
ännerenD'Grupp gouf am Joer 2002 zu Diddeleng gegrënnt. Hir éischt CD koum 2004 als Split zesumme mat der Grupp Spyglass eraus a gouf vun der däitscher Musekzäitschrëft Visions als Demo vum Mount presentéiert.[1]
No enger längerer kreativer Paus huet Eternal Tango sech 2006 an neier Formatioun, mat neiem Konzept an engem neie Sound zeréckgemellt. De Sound vun Eternal Tango gouf dunn zu engem Mix aus melodeschem a metallic gesprëtztem emotionale Pop-Hardcore. No enger erfollegräicher Serie vu Concerten am August 2006 a Portugal, huet Eternal Tango am November 2006 de bekannten internationale Battle of the Bands Contest gewonnen a konnt bei der Taste of Chaos Show zu Köln virun iwwer 3000 Leit mat Gruppe wéi Underoath, Taking Back Sunday, Anti-Flag, Saosin a Fire in the Attic optrieden.
Nodeem d'Grupp de 24. November 2006 an der Rockhal d'Finall vum Printemps de Bourges fir Lëtzebuerg a Loutrengen gewonnen hat, ass Eternal Tango do a Frankräich am Abrëll 2007 opgetrueden. De selwechte Mount koum hiren éischte Studiosalbum First Round at the Sissi Café op de Maart. De Rescht vum Joer si si op aneren nationalen an internationale Festivaller opgetrueden, dorënner op der Fête de la Musique zu Diddeleng, um Rock um Knuedler an am Kader vun der Taste of Chaos-Europatour ënner anerem zu Lëtzebuerg an zu Köln.
Beim Elie Music Award 2007 ware si 4-mol nominéiert an hunn nieft dem Publikumspräis fir de beschte Live-Optrëtt och nach an der Kategorie "Rock & Pop" en Elie mat heem kënnen huelen. Vum 3. Dezember 2007 un war op der Grupp hirer MySpace-Säit hiren éischten offizielle Videoclip (Narya Narya...So Glad You Found Your Way) zegesinn, an deem och dat lëtzebuergescht Model Mandy Graff matgewierkt huet.
2009 huet Eternal Tango de Musekslabel Golden Fox gegrënnt an d'Joer drop hiren zweete Studiosalbum Welcome to the Golden City verëffentlecht, vun deem d'Singelen Da/Da (2010) a Ronny Roy Johnson (2011) ausgekoppelt goufen. Och am Govinda van Maele sengem Documentaire We Might as Well Fail si si virkomm.
Den 22. November 2012 huet d'Band an engem Communiqué matgedeelt, datt si sech no hirem leschte Concert, den 22. Dezember 2012 am Atelier, géif opléisen.[2] Als lescht Verëffentlechung ass den 23. Dezember 2012 d'Single New Beginning erauskomm.
Fir déi lescht Editioun vum Food for Your Senses huet d'Band am Mee 2019 en exzeptionelle Comeback gemaach.[3]
Gielercher
änneren- 2007 Den Elie Music Award an der Kategorie "Best Rock & Pop" souwéi de Publikumspräis fir de beschte Live-Optrëtt.
Discographie
ännerenAlbumen
änneren- 2004: Spyglass / Eternal Tango (Split)
- 2007: First Round at the Sissi Café
- 2010: Welcome to the Golden City
Singelen
änneren- 2007: Narya Narya...So Glad You Found Your Way (nëmme Museksvideo)
- 2010: Da/Da
- 2011: Ronny Roy Johnson
- 2012: New Beginning
Referenzen
änneren- ↑ Biographie op rocknrollhighschool.nl
- ↑ "Schluss fir Eternal Tango: Lëtzebuerger Band léist sech op!" RTL.lu - 22.11.2012, 13:58 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.11.2012, 14:33.
- ↑ paperjam.lu: Food For Your Senses, la dernière! (24. Mee 2019)