Andrij Melnyk (Offizéier)

ukraineschen Offizéier a Politiker
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Den Andrij Atanassowych Melnyk, gebuer den 12. Dezember 1890 zu Wolja, Distrikt Lwiw ((de): Lemberg) an der haiteger Ukrain a gestuerwen den 1. November 1964 zu Köln, war en Offizéier, Resistenzler a Politiker vun der Ukrainescher Volleksrepublik. Hie war vun 1938 bis 1964 President vun der Organisatioun vun ukraineschen Nationalisten (OUN), déi hien 1929 zu Wien matgegrënnt hat.

Andrij Melnyk
Den Andrij Melnyk (1940)
Gebuer 12. Dezember 1890
Gestuerwen 1. November 1964
Klierf
Aktivitéit Politiker, Offizéier
Dem Melnyk säi Graf um Bouneweger Kierfecht

Liewen a Karriär änneren

No sengem Landwirtschaftsstudium zu Wien huet de Melnyk am Éischte Weltkrich an der ukrainescher Legioun, engem Fräiwellegeverband bannent der Éisträichesch-ungarescher-Arméi, gekämpft. 1916 koum hien a russesch Gefaangenschaft, konnt awer 1917 fortlafen. Hie gouf duerno Chef vum État-major vun der Arméi an der Ukrainescher Volleksrepublik, déi Enn 1918 gegrënnt gi war. De fräien Nationalstaat bestoung awer net laang, well d'Sowjetunioun de jonke Staat 1922 als Ukrainesch sozialistesch Sowjetrepublik annexéiert huet. 1923 huet de Vëlkerbond d'West-Ukrain de Pole ginn, an 1924 gouf de Melnyk verhaft an zu 5 Joer Prisong veruertelt, wou en awer schonn 1928 fräikoum. Mat anere patriotesche Veteranen huet de Melnyk sech du géint d'sowjeetesch Ënnerdréckung gewiert. 1929 ass d'Organisatioun vun ukraineschen Nationalisten (OUN) entstanen. Méi frëndlech fir d'Kierch wéi all vu senge Mataarbechter (d'Organisatioun vun den ukraineschen Nationalisten war allgemeng antiklerikal), gouf de Melnyk souguer de President vun "Orly", der galizescher kathoulescher Jugendorganisatioun, déi vu villen OUN Memberen als anti-nationalistesch ugesi gouf. Nodeems de President vun där Organisatioun, de Jewhen Konowalez, 1938 (warscheinlech vu sowjeteschen Agenten) ermort gi war, ass den Andrij Melnyk President vun der OUN ginn.

Mam Ufank vum Zweete Weltkrich huet d'Sowjetunioun déi westlech Ukrain annektéiert. Fir de grousse Feind am Oste lasszeginn, huet de Melnyk sech en anere staarke Partner gesicht, deen e mam Nazidäitschland fonnt hat. An engem Bréif um Hitler säin Ausseminister Joachim von Ribbentrop huet de Melnyk den 2. Mee 1939 geschriwwen, datt der OUN hir Usiichte vun der Welt enk mat deene vun den Nazien an de Faschisten iwwereneestëmme géifen an huet och seng Hëllef ugebuede fir eng „Neiuerdnung“ vun Osteuropa z'arrangéieren.

1940 huet d'OUN sech gespléckt an engersäits déi méi radikal „Banderisten“ (OUN-B) ënnert dem jonke Stepan Bandera, engersäits, an op där anerer, eng moderéiert Grupp vu meeschtens eeler d'„Melnykisten" (OUN-M) vun Melnyk.

De Melnyk huet aus dem Exil eraus agéiert an am Abrëll 1941 huet hien dem Hitler proposéiert eng „Groussukrain“ ze schafen, vun der Donau bis bei d'Kaspescht Mier. Dat huet den Hitler awer net intresséiert, deen huet sech léiwer domat ofginn, fir d'Judden „auszeläschen“, an dat och an der Ukrain.

Nom däitschen Iwwerfall op d'Sowjetunioun am Juni 1941, ass de Melnyk vun den Nazien 1941 ënner Hausarrest gesat ginn an. Zesumme mat de Judden, méi wéi 60 féierende Membere vun der Melnyk Organisatioun goufen alleng zu Kiew erschoss, dorënner de Buergermeeschter Volodymyr Bagaziy, Chef vun der Unioun vun ukrainesche Schrëftsteller, Olena Teliga, an anerer. Am Januar 1942 huet hien zu enger Grupp vun ukrainesche Figuren wéi de Mykola Velychkivsky, den Andry Livytsky, de Generol Mikhailo Omelianovich-Pavlenko an den Andrey Sheptytsky, gehéiert déi dem Adolf Hitler e Memorandum ofginn huet, fir en Enn vun der däitscher Zerstéierung an der Ukrain ze verlaangen. Fir seng eegen trainéiert Arméi am Joer 1943 ze kreéieren, huet d'OUN ënnert dem Melnyk, d'Schafe vun enger ukrainescher Divisioun an der Wehrmacht ausgemaach. Méi wéi 80.000 Fräiwëlleger hu sech gemellt, awer d'Nazien wollten déi meescht vun hinnen net bewaffnen. De Melnyk koum 1944 als Sonderhäftling an d'KZ Sachsenhausen. Duerno koum hien am September 1944 op Hirschegg am Kleinwalsertal wou en am Hotel Ilfen internéiert war. Dee gouf deemools als eng Zort Luxusprisong benotzt an deem och nach aner héichgestallt Gefaangen internéiert waren, bis se am Mee 1945 vun der 1. franséischer Arméi|1. befreit goufen[1].

Den Andrij Melnyk hat sech (eventuell zu Sachsenhausen) mam Louis vu Bourbon-Parma, engem vun de Bridder vum lëtzebuergesche Prënz Felix ugefrënnt, well e gouf méi spéit vun Prënz invitéiert, fir op Lëtzebuerg wunnen ze kommen. Wärend der Schafung vun der UNO huet de Melnyk am Numm vun den Ukrainer an der fräier Welt en Appell un de Vizepresident vun den USA Welt geschriwwen. Beim Besuch an Amerika stoung de Melnyk ënner dem Schutz vun der CIA, hien huet sech mat Leader vu Kanada an anere Länner begéint. Schlussendlech koum de Melnyk mat senger Fra Sophie Fedak (Duechter vum Finanzminister vun der Ukrain) a mat senger Schwéiermamm op Lëtzebuerg, wou hie vun do u gewunnt huet [vu wéini un?].

De Melnyk huet d'Schafe vum Weltkongress vun den Ukrainer initiéiert[Source?].

Den Andrij Melnyk ass den 1. November 1964 zu Köln gestuerwen a gouf um Bouneweger Kierfecht begruewen.

Literatur änneren

  • John-Paul Himka, Ukrainian Nationalists and the Holocaust: OUN and UPA’s Participation in the Destruction of Ukrainian Jewry, 1941–1944 (2021);
  • Das Dritte Reich und die ukrainische Frage: Dokumente 1934—1944 / hrsg., eingel. u. dargest. von Wolodymyr Kosyk. — München: Ukrain. Inst., 1985. — 227 S.
  • L' Allemagne national-socialiste et l'Ukraine, Paris: Publ. de l'Est Européen, 1986. — 665 р. ISBN 2-902892-02-0.

Um Spaweck änneren

Commons: Andrij Melnyk (Offizéier) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Artikel vun der Viktoria Kirner an Der Standard
  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Für die Ukraine gekämpft, in Luxemburg begraben (kuckt: Um Spaweck)