Ahornen
Ahornen (Acer) sinn eng Gattung Beem aus der Famill vun de Sapindaceae, Ënnerfamill Hippocastanoideae.
![]() Biergahorn | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Uerdnung | Sapindales |
Famill | Sapindaceae |
Ënnerfamill | Hippocastanoideae |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Acer | |
Linnaeus |
Jee no Auteur gëtt et 110 bis 200 Ahorn-Aarten.
VerbreedungÄnneren
D'Gattung Acer kënnt am nërdlechen Afrika vir, an Eurasien, Zentral- an Nordamerika. D'„Acer“-Aarte wuessen an temperéierten, subtropeschen an tropesche Klimazonen, an den Tropen awer nëmmen an de Bierger.
Zanter den Äiszäiten sinn an Europa just nach e puer Ahorn-Aarten doheem. A Westeuropa komme nieft dem Spëtz-Ahorn (Acer platanoides), dem Aaschtert (oder Biergahorn; Acer pseudoplatanus) an dem Maasselter (Acer campestre) och de Franséischen Ahorn (Acer monspessulanum), den Acer opalus an den Acer tataricum wëll vir.
SystematikÄnneren
D'Gattung Ahorn gëtt an eng Rëtsch Sektiounen (sect.) ënner-agedeelt, a, wou et muss sinn, a Serien (ser.):
|
|
SymbolikÄnneren
D'Ahornblat ass ee Symbol vu Kanada an ass zanter 1965 um kanadesche Fändel drop.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Ahornen – Biller, Videoen oder Audiodateien |