Platan zu Aansebuerg

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

Déi bemierkenswäert Platan zu Aansebuerg (Platanus x hispanica) steet nieft der Äisch am verlängerten Deel vum Park vum Schlass zu Aansebuerg.

Platan zu Aansebuerg
D'Platan beim Schlass zu Aansebuerg. Riets d'Parkmauer. Vir am Bild, de Geméisgaart vum Schlass (August 2008).
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Helperknapp
Plaz Aansebuerg
Adress 10, Rue de la Vallée, L-7411 Ansembourg
Koordinaten 49°42'5,65"N, 6°2'56,29"O
Bamaart Gewéinlech Platan
Geschaten Alter 220 Joer
Status Klasséiert Monument
Héicht 31,90 m (2023)
Duerchmiesser 2,07 m (2023)
Ëmfang 6,50 m (2023)
E gewaltege Stamm, dee sech op enger Héicht vun zirka 3,5 m an zwee deelt.

Wéinst hirem Alter, deen op ronn 220 Joer geschat gëtt, an hirer imposanter Statur, gëtt si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt.

Dës Platan ass als monument national klasséiert, woumat si geschützt ass.

Den Ëmfang vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet follgendermoossen zougeholl:

  • 1980: 5,0 m;
  • ëm 2000: 6,65 m bei enger Gréisst vu 36 m;
  • ëm 2023: 6,50 m bei enger Héicht vun 31,9 m.

Domat ass dëse Bam déi déckst Platan zu Lëtzebuerg.

Quellen änneren

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Lëscht S. 243; keen Text an och keng Foto vun dësem Bam heiran).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Lëscht S. 162; keen Text an och keng Foto vun dësem Bam heiran).
  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (Text a Foto vum Bam op de S. 82-84).

Kuckt och änneren

Fotoen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Platan zu Aansebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien