Al-Zarqali
Al-Zarqali oder az-Zarqali, vollstänneg Abu Ishaq Ibrahim ibn Yahya an-Naqqasch az-Zarqali heefeg och als an-Naqqash oder an-Naqqash, am latäinsproochegen Europa Arzachel an a spuenescher an italieenescher Sprooch Azarquiel, gebuer am Joer 1029 zu Toledo, a gestuerwen am Joer 1087 zu Sevilla, war e féierenden arabesche Mathematiker an dee brillantsten Astronom vu senger Zäit.
Hie schafft zu Toledo, dat säin Héichpunkt ënner de Mauren als Tolaitola hat, souwéi wärend dem Kalifat vu Córdoba an als Haaptstad vum Taifa-Kinnekräich bis zur der chrëschtlecher Eruewerung duerch den Alfons VI. de 25. Mee 1085. No dëser Reconquista plënnert den Al-Zarqali op Sevilla, wou hien och gestuerwen ass.
Den Al-Zarqali hat theoreetescht Wësse mat techneschem Kënne kombinéiert an hat sou astronomesch Prezisiounsinstrumenter geschaf. Hien hat ënner anerem e flaacht Astrolabium gebaut, dat op jiddwer Breetegrad benotzt konnt ginn, an eng Waasserauer, déi Dag- an Nuetsstonnen, an den Dag vum Moundmount uweise konnt.
Domat war hien an der Lag, d'geographesch Date vum Ptolemäus, besonnesch d'Ausdehnung vum Mëttelmier, ze verbesseren. Den Al-Zarqali konnt och als éischte bei der Äerdbunn (?) d'Beweegung vun der Apsis (déi zwéin Haaptscheete vun enger approximativer elliptescher Ëmlafbunn vun engem Planéit) relativ zu de Fixstären déi dohanner leien, mat Zuele beleeën. Seng Berechnung vun der Apsidendréiung koum dem exakte Wäert vun haut zimmlech no.
Den Al-Zarqali hat och vill zu de bekannten Toledaner Tafelen bäigedroen. Och säin eegenen „Almanach“ war an der deemoleger Welt ganz bekannt an hat grouss Bedeitung.
D'Wierk vum Al-Zarqali gouf duerch d'Iwwersetzung vum Gerhard von Cremona (1114–1187), deen dofir op Toledo koum, op Latäin iwwersat a sou a ganz Europa bekannt. Dëst hat vill zu der Erneierung vun der wëssenschaftlechen, Astronomie am chrëschtlechen Owesland vum 12. Joerhonnert bäigedroen. Duerch déi vill verschidde Sprooche gouf Toledo am 12. an 13. Joerhonnert e bedeitenden Zentrum fir Iwwersetzunge vun arabesche Schrëften an d'Laténgescht an d'Romanescht. Nach véier Joerhonnerte méi spéit huet den Nikolaus Kopernikus betount, datt hie vill vum Al-Zarqali geléiert hätt an zitéiert hien an dem bunnbriechende Wierk De Revolutionibus Orbium Coelestium.
Nom Al-Zarqali gouf de Krater Arzachel op dem Äerdmound genannt, - kuckt Lëscht vun den Äerdmoundkrateren.