Den Akrab (och Acrab, Graffias, Elacrab, arabesch al-ʿaqrab "de (Stärebild) Skorpioun") ass den Numm vum Stär β (beta) Scorpii am Stärebild Scorpius. Een aneren historeschen Numm ass Graffias.

Akrab (Beta Scorpii) am Stärebild vum Scorpius

Den Akrab ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 600 Liichtjoer. Den Haaptstär ass e blowäisse Stär vum Spektraltyp B1 mat enger visueller Magnitude vu +2,6m. De +5,1m helle blowäisse Begleetstär ass op engem Wénkelofstand vun 13,6" bei engem Positiounswénkel vun 21 Grad vum Haaptstär ewech.

Den Akrab kann als ekliptiknoer Stär vum Mound a (ganz seelen!) vu Planéite bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung vum Akrab duerch e Planéit war den 13. Mee 1971 duerch de Jupiter, an déi virlescht Bedeckung war den 9. Dezember 1906 duerch d'Venus.

Koordinate vum Haaptstär Equinoxe J2000.0:

Koordinate vum Begleeder Equinoxe J2000.0:

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie