Fédération du sport cycliste luxembourgeois
D'Fédération du sport cycliste luxembourgeois, ofgekierzt FSCL (bis den 23. Februar 1947: Fédération des sociétés cyclistes luxembourgeoises), ass de lëtzebuergesche Verband vum Vëlossport.
Fédération du sport cycliste luxembourgeois | |
---|---|
Ofkierzung | FSCL |
Grënnungsdatum |
13.05.1917 (ASBL 12.10.2006) |
Sëtz |
3, route d'Arlon L - 8009 Stroossen |
President | Camille Dahm |
Generalsekretär | Edouard Buchette |
Member vu(n) | UCI, UEC |
Websäit | https://www.fscl.lu/ |
D'FSCL ass 1917 gegrënnt an den 12. Oktober 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[1]. Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL, der Union cycliste internationale (UCI) an der Union européenne de cyclisme (UEC).
Historique
ännerenGrënnung
ännerenDen 13. Mee 1917 sinn am Café des Mille Colonnes Vertrieder vun néng Vëlosveräiner zesummekomm fir d'FSCL ze grënnen. Am éischte Comité waren de Nobert Duren als President, de Michel Wormeringer als Vizepresident, de François Peusch als Sekretär an de Nicolas Bewing als Tresorier.
Déi éischt Federatioun war d'Union vélocipédique luxembourgeoise (UVL). De 4. Mee 1896 war eng Reunioun vu verschidde Veräiner fir eng Federatioun op d'Been ze setzen. De 7. Juni ass dann zu Munneref déi éischt Vëlosfederatioun vun de Veräiner „Rapid “Lëtzebuerg, „Veloce-Club“ Diddeleng a „Veloce-Club“ Rëmeleng offiziell gegrënnt ginn. Am Comité waren: Ferdy Schaeffer, Lëtzebuerg, President; Kihn, Diddeleng, Vizepresident; Klensch, Lëtzebuerg, Sekretär; Meysenburg, Rëmeleng, Tresorier. Member waren: Henri Baclesse, Lëtzebuerg; Wenner, Diddeleng a Wilhelm (Kayl ?).
Vun 1908 u gouf et allerdéngs ënner dem Félix Wilmes eng Cyclistesektioun an der Fédération des sociétés luxembourgeoises des sports athlétiques, ofgekierzt FSLSA, déi sech ëm de Vëlossport zu Lëtzebuerg bekëmmert huet.
Weider Entwécklung
ännerenDéi éischt affiliéiert Veräiner waren:
- Union vélocipédique Strassen
- La Pédale Muhlenbach
- Vélo Sport Mamer
- Club cycliste Hollerich
- La Pédale 07 Schifflange
- Les cyclistes Useldange
- L'Express Mondercange
- Les cyclistes Kayl
- Union cycliste Rollingergrund
Organisatioun
änneren- 1917 - 1923: Norbert Düren
- 1923 - 1926: Dr Jos Peffer
- 1926 - 1928: Mathieu Reiter
- 1928 - 1931: Dr Camille Pinth
- 1931 - 1934: Eugène Neu
- 1934 - 1940: Marcel Cahen
- 1940 - 1940: Paul Wilwertz
- 1944 - 1945: Marcel Cahen
- 1945 - 1967: Paul Wilwertz
- 1967 - 1972: Adrien van Kauvenbergh
- 1972 - 1984: Josy Esch
- 1985 - 1996: Fernand Conter
- 1996 - 1998: Georges Wohlfart
- 1998 - 2011: Jean Regenwetter
- zënter 2016: Camille Dahm
Membere vun der FSCL
änneren- Amis du cyclisme de la commune de Contern
- Club cycliste 67 Mondercange
- Club cycliste international Differdange
- Cycling Team Atertdaul
- Cycling Team Kayldall
- Cycling Team Toproad Roeserbann
- Endurance Leudelange
- Guidon Alzingen
- Guidon Belvaux
- Guidon Bertrange
- Hirondelle Schuttrange
- HirondelleRumelange
- Karibu Sports Lënster
- Mullerthal Cycling
- Muselbikes
- Pédale 07 Schifflange
- Pédale Mühlenbach
- Postcycling
- Red Rock Challenge
- Sport a Fräizäit Zéisseng
- Team Snooze
- Trailhunters Mersch
- Union cycliste Dippach
- Union cycliste Ettelbruck
- Union cycliste Munnerëfer Vëlosfrënn
- Union cycliste Pétange
- Union cycliste Rodange
- Vélo union Esch
- Vëlo Wëntger
- Vëlo Woolz
- Vëloclub Diekirch
- Vëloclub Mamerdall
- Vëloclub Schengen
- Velosfrënn Gusty Bruch
- Vëlosveräin Tooltime Préizerdaul
- Vitesse Bettembourg
- VTT Esch
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F5864 agedroen
- ↑ Dirigenten Der FSCL von 1917 bis 2011 - Präsidenten, Bressler, Henri, Fernand Thill, 2011: Die Geschichte des Luxemburger Radsports. Band 2. Fahrer und Vereinigungen., Éditions Schortgen, ISBN 978 2 87953 115 1, S. 156