Den Adam Chenot, gebuer den 19. August 1722 zu Habaru, deemools am Herzogtum Lëtzebuerg, haut eng Uerschaft an der Gemeng Léglise an der Provënz Lëtzebuerg, an den 12. Mee 1789 zu Wien gestuerwen, war ee lëtzebuergeschen Dokter an der Medezin an Auteur.[1]

Adam Chenot
Gebuer 19. August 1722
Habaru
Gestuerwen 12. Mee 1789
Wien
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Dokter
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Adam Chenot huet zu Wien Medezin studéiert an do den 11. Mee 1755 säin Dokteschdiplom kritt.[2] Direkt duerno krut en d'Geleeënheet, a Siwebiergen (och Transsylvanie genannt), am deemolege Kinnekräich Ungarn, dat a Personalunioun mat Éisträich stoung, d'Pescht ze bekämpfen.

Spéider huet hien e Buch mam Titel Tractatus de Peste verfaasst, dat 1766 vum Editeur Trattner zu Wien publizéiert gouf.

Hie war eng Zäit "Protomedicus" zu Hermannstadt (haut Sibiu a Rumänien), duerno huet en zu Wien geschafft.

GielercherÄnneren

  • Gëlle Medail 1. Klass [vu waterenger Auszeechnung?] fir seng Erfolleger an der Peschtbekämpfung, den 19. September 1771 vun der Maria Theresia iwwerreecht.[Source?]

LiteraturÄnneren

  • Bruck, M. J. & R. Roth, 1989. Adam Chenot (1721-1789). "Pestarzt" und Sanitätsrat Seiner Kaiserlichen Hoheit. Die Warte 1989, N° 11/1520 (13. April), S. 2.
  • Klein, E.J., 1921. Literarisches. - Adam Chenot (Chenotus), 1721-1789, von Dr. Edm. Knaff-Faber, Separatabdruck aus dem "Bulletin de la Société des Sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg", 1921. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 31 (1921), S. 165-168.[1]
  • Knaff, E., 1921a. Adam Chenot (Chenotus), 1721-1789. Bulletin de la Société des sciences médicales du grand-duché de Luxembourg 1921, S. 131-184.[2]
  • Knaff, E, 1921b. Dr. Adam Chenot. Ons Hémecht 1921, S. 101-104.[3]
  • Knaff, E., 1930. Dr. Adam Chenot (Chenotus), 1721-1789. Publications de la Section historique de l’Institut grand-ducal 64, S. 203-314.
  • Muller, J.C., 2003. Ein Luxemburger Arzt im Einsatz gegen die Pest in Siebenbürgen: Adam Chenot (1722-1789). De Familljefuerscher 71, S. 56-57.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg. S. 1-652.
  • Massard, J.A., 1999. Wissenschaft und Medizin im 18. Jahrhundert in Luxemburg. Bulletin de la Société des sciences médicales du grand-duché de Luxembourg 1/99, numéro spécial, 107-126. [4]

ReferenzenÄnneren

  1. Muller 2003. — An der Literatur fënnt ee vill ënnerschiddlech (falsch) Daten: gebuer 1721 zu Lëtzebuerg (z. B. Knaff 1921a ; Kugener 2005, Bruck & Roth 1989); gestuerwen den 9. Mee 1789 zu Hermannstadt (Knaff 1921a; Kugener 2005); gestuerwen de 6. Mee 1789, oder den 9. oder den 12. Mee, zu Wien (Knaff 1921b); gestuerwen de 4. Mee 1789 (Bruck & Roth 1989).
  2. Muller 2003. — Laut Knaff (1921a) a Knaff (1921b) hätt de Chenot säin Dokteschexamen den 18. August 1755 gemaach.