Chassigny (Meteorit)
De Chassigny ass deen éischten, als Marsmeteorit identifizéierte Meteorit.
Hie war den 3. Oktober 1815 an d'Uertschaft Chassigny (Département Haute-Marne) am Nordoste vu Frankräich gefall. Eréischt an den 1980er Jore gouf festgestallt, datt et sech beim Material vum Meteorit ëm e Stéck Marsgestengs handelt. Von der geschatener ursprénglecher Mass vum Meteorit vu 4 kg konnten nëmme 570 Gramm gebuergen a fir d'Wëssenschaft erhale ginn.
De Meteorit ass en Dunit, deen haaptsächlech aus Olivin mat Alagerunge vu Pyroxenen a Feldspat besteet.
Eng Ënnergrupp vun de Marsmeteoritten, d'Chassignitten, goufen no der Uertschaft Chassigny genannt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- (en) NASA: The Chassigny Meteorite