Chondritte forme mat engem Undeel vu ronn 86 Prozent déi gréisst Klass vun de Meteoriten. Hiren Numm kënnt vu klengen ageschlossene Silikatkugelen hier, de sougenannte Chondren, déi an eng rengkäreg Grondmass agebett sinn. Déi mineralogesch Zesummesetzung vun de Chondritte gëtt vu Mineralen Olivin, Pyroxen a Plagioklas dominéiert. Si enthalen awer och (mat wéinegen Ausname bei de kuelege Chondritten) ëmmer metallescht Néckeleisen (kuckt Bild Chondrit Holbrook) an Eisesulfid (Troilit).

Allende (Meteorit)
L6-Chondrit Holbrook. Schnëttfläch, hell Kären ass Metall. Héicht 5 cm.

Chondritte kënnen als kosmescht Sedimentsgesteng opgefaasst ginn. Dacks gi si och ondifferenzéiert Meteoritte genannt, well hir cheemesch Zesummesetzung, mat Ausnam vu gasfërmegen Elementer wéi Natrium a Kalium oder den Edelgasen, der Zesummesetzung vun der Photosphär eiser Sonn, an domat där vum ufängleche solaren Niwwel, entsprécht. Altersbestëmmungen duerch Miessunge vu radioaktiven Isotopen hunn erginn, datt Chondritte schonn an der Fréizäit vum Sonnesystem virun 4,5 Milliarde Joer entstane sinn.[1]

Geschicht änneren

De Chondrittefall vu Lucé a Frankräich 1768 gouf vum franséische Cheemiker Antoine Laurent de Lavoisier ënnersicht. Deemools gouf allerdéngs d'Existenz vu Meteoritten net allgemeng unerkannt, an de Lavoisier erkläert de Stee fir eng Aart Eisekisel. Déi opfälleg Chondren, déi an de Steng vun de verschiddene Plazen fonnt goufen, hunn awer schliisslech dozou gefouert, datt hir ausserierdesch Ofstamung unerkannt gouf. De bekannte franséische Cheemiker Louis Pasteur hat am Joer 1864 och e Meteorit ënnersicht, deen hien de kuelege Chondritten zougerechent huet.

Klassifikatioun änneren

 
NWA 3118, kuelege Chondrit, CV3

Chondritte kënnen nach an Ënnerklassen agedeelt ginn. No Heefegkeet un éischter Plaz stinn déi gewéinlech Chondritten. Déi kueleg Chondritte gi sou genannt, well si grouss Deeler Kuelestoff (och als organesch Verbindungen) enthalen. Hir Brochfläch gesäit dofir méi oder wéineger kuelschwaarz aus. Nieft Chondre sinn an hirer rengkäreger Matrix och nach presolar Mineralen a Calcium-Aluminium-räich Aschlëss ze fannen.

No hirer cheemescher Zesummesetzung ginn d'Chondritte a follgend Ënnerklassen agedeelt:[2]

  • Gewéinleche Chondrit. Si ginn nom Eisengehalt an dem Néckeleisengehalt agedeelt an:
    • H-Chondritte (fir High iron), mat 22–30 % Eisen a 17–23 % Metall,
    • L-Chondritte (fir Low iron), mit 20–24 % Eisen a 4–9 % Metall,
    • L L-Chondritte (fir Low iron, Low metal), mat 19–22 % Eisen an 0,3–3 % Metall.

Bei der praktescher Bestëmmung vun der Klass gëett den Eisenoxigehalt am Olivin benotzt, hien ass ëmgekéiert proportionell zum Eisen an huet: Fir H-Chondritte 16–19 % Fa (Fayalit oder mol-% Fe/(Fe + Mg)), fir L-Chondritte 21–25 % Fa, fir LL-Chondritte 26–32 % Fa. An den Olivine vun den onequilibréierten Typ 3 Chondritten (kuckt ënnen) ass den Fa-Gehalt variabel tëscht 0 an 50 % Fa.

  • Enstatit-Chondrite. Si hu keen Olivin, an am Pyroxen (hei Enstatit) ass den Fs-Gehalt (Ferrosilit oder mol-% Fe/(Fe + Mg)) méi kleng wéi 1.
    • EH-Chondrit
    • EL-Chondrit
  • Kueleg Chondritte (Primitive Chondrit)
    • CI (Ivuna Grupp)
    • CO (Ornans Grupp)
    • CV (Vigarano Grupp)
    • CM (Mighei Grupp)
    • CK (Karoonda Grupp)
    • CR (Renazzo Grupp)
    • CH (Metallräich)
    • CB (Bencubbinit)
  • R-Chondrite (Rumruti-Chondrit)
  • K-Chondrit (Kakangari-Chondrit)
  • F-Chondrit (Forsterit-Chondrit)

Eng Iwwersiicht iwwer d'Heefegkeet vun den Elementer an de verschiddene Chondritteklasse ka bei Kallemyn et al. („Geochemistry of ordinary chondrites“, Geochimica et Cosmochimica Acta, 1989, Säit 2747) fonnt ginn.

Nieft der cheemescher Klassifizéierung ginn Chondritten no engem Schema, dat 1967 vun de Wëssenschaftler Van Schmus a Wood virgeschloe gouf, an d'petrologesch Typpen 1 bis 6, heiansdo och 1 bis 7, agedeelt. Chondritte vum petrologeschen Typ 3 ginn „onequilibréiert“ genannt, well si Material representéieren, dat no der Entwéckung vum Mammekierper duerch Akkumulatioun aus dem solaren Niwwel bal onverännert blouf. Am Géigesaz dozou goufen Chondritte vum Typ 4 bis 6 zouhuelend thermesch metamorphiséiert. Dës Chondritte sinn dobäi rekristalliséiert. Als Folleg verwësche sech an Typ 6 Chondritten d'Grenzen tëscht Chondren a Matrix (kuckt d'Bild vum L6-Chondrit Holbrook). Meteoritte vum Typ 1 an 2 sinn zwar net thermesch verännert ginn, hunn awer eng „wässereg“ Metamorphose matgemaach an hu kristallwaasserhalteg Silikate (Tounmineralen). Wärend Chondritte vum Typ 3 bis 6 maximal 3 Gewiichtsprozent Waasser hunn, kënnen Typ 2 Chondritte bis zu 18 Gewiichtsprozent an Typ 1 Chondritte méi wéi 20 Gewiichtsprozent Waasser hunn. Typ CI1 Chondritten hu keng Chondren, woubäi net kloer ass, ob si iwwerhaapt eng Kéier Chondren haten, oder ob dës duerch déi wäessreg Alteratioun zerstéiert goufen.

Bei gewéinleche Chondritten an Enstatit-Chondritte kommen déi petrologesch Typpen 3 bis 7 a bei kuelege Chondritten déi petrologesch Typpen 1 bis 6 (bis CK5/6) vir.

Chondritte mat ënnerschiddlechem petrologeschen Typ kënne vum selwechte Mammekierper stamen. Sou gouf fir d'H-Chondritte d'„Zwibbelschuelemodell“ fir de Mammekierper virgeschloen. No dësem Modell wier de Mammekierper vun den H-Chondritte een ondifferenzéierten Asteroid, deen no senger Genesis virun 4,56 Milliarde Joer duerch Zerfall radioaktiver Nuklide nach eng Kéier erhëtzt gouf ouni awer ze schmëlzen. Dobäi gouf hien am Kär staark, no baussen hin awer manner staark erhëtzt. H3-Chondritte géifen dann vun der Uewerfläch vum Mammekierper stamen, wärend d'H4-, H5- an H6-Chondritte aus zouhuelend gréisseren Déifte stame géifen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.mineralienatlas.de/lexikon/index.php/Meteorit/Steinmeteorit
  2. F. Heide, F. Wlotzka, Kleine Meteorittenkunde, 3. Oplo, Springer-Verlag 1988.