Magmatescht Gestengs ass Gestengs, dat duerch Erhäerde beim Ofkille vu Magma entstanen ass. D'Magmatitte sinn nieft dem Sedimentgestengs (Sedimentitten) an de Metamorphitten eng vun dräi Gestengshaaptgruppen. D'Struktur vum Gestengs, dat entsteet, ass vun en ettleche Faktoren ofhängeg:

  • Opschmëlzgrad (kuckt och Anatexis)
  • Struktur vum Ausgangsgestengs (Protolith)
  • Enger méiglecher cheemescher Ugläichung (Assimilatioun) un d'Niewegestengs wärend dem Magmaopstig
  • Dem Grad vun der magmatescher Differentiatioun wärend dem Magmaopstig, souwéi dem Drock-Temperatur-„Pad“ wärend dem Opstig
Prouwe vu verschiddenem magmatesche Gestengs aus de peruaneschen Anden

Gruppéierung no Strukturkennzeechen änneren

 
Schematesch Duerstellung vu magmatesche Phenomeener an der Bildung vun entspriechendem magmatesche Gestengs a Gestengskierper an der Äerdkuuscht an op der Äerduewerfläch

No hirer Verstängerungsdéift an de Strukturkennzeechen déi sech doraus erginn, léisst sech d'magmatescht Gestengs petrografesch an zwou Gruppen ënnerdeelen: Plutonitten (Gesteng aus der Déift) entstinn duerch Erkale vum Magma déif am Äerdkär, Vulkanitten (Ergossgestengs) entstinn aus Magma, dat aus dem Äerdkär bis op d'Äerduewerfläch eropkënnt, als Lava op der Äerduewerfläch ausgetrueden an do verstengert ass. Ob d'Ofkillen an d'Erhäerde vun der Gestengsschmelz uewer- oder ënnerierdesch erfollegt, huet en däitlechen Afloss op d'Textur vum Gestengs dat dobäi entsteet. Prinzipiell gëllt heibäi: Wat d'Schmëlz méi séier erkalt, ëmsou méi kristallinesch ("rengkäreg") gëtt Gestengs. Wat de Magma méi lues ofkillt, ëmsou méi grouss Kristaller kënnen sech an der kaler Schmëlz bilden.

Plutonitten änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Plutonescht Gestengs 


Plutonitten (nom Pluton, dem griichesche Gott vun der Ënnerwelt) oder Gestengs aus der Déift gi Magmatitte genannt, déi an der Äerdkuuscht – gewéinlech an enger Déift vun engem bis e puer Kilometer – lues an enger Magmakummer auskristalliséieren. Den entspriechende Gestengskierper gëtt als Pluton, oder, wann e besonnesch grouss ass a komplex opgebaut ass, och als Batholith bezeechent. D'Plutonitten hunn eng mëttel bis graff kristallin ("graffkäreg") Struktur, dat heescht, déi eenzel Mineralkären, aus deenen d'Gestengs besteet, si mat bloussem A ze gesinn. Den am wäitste verbreeten a bekanntste Vertrieder ass de Granit.

Vulkanitten änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Vulkanescht Gestengs 


Vulkanitten (nom Vulcanus, dem réimische Gott vum Feier) sinn déi Magmatitten, déi aus enger Gestengsschmëlz stamen, déi bis op d'Äerduewerfläch koum. Si ginn och als Extrusiv-, Ausbrochs-, Effusivt- a Vulkanescht Gestengs bezeechent. D'Opdrénge vum Magma bis op d'Äerduewerfläch an déi domat verbonnen Naturevenementer ginn ënner dem Begrëff Vulkanismus zesummegefaasst. De flëssege Magma de bei engem Vulkan austrëtt (an allgemengsproochlech och d'Gestengs dat bei erhäerder draus entsteet) gëtt Lava genannt. Well et wéinst dem extremen Temperaturënnerscheed op der Äerduewerfläch séier ofkillt, ass vulkanescht Gestengs dacks ganz rengkäreg oder souguer glaseg, well net vill Zäit fir d'Wuesse vu grousse Kristalle bleift. Heiansdo kristalliséiert awer en Deel vun der Schmëlz lues a grousser Déift. Dofir ass fir vill Vulkanitten eng porphyrescht Struktur, mat gréisseren Asprenglengen an enger rengkäreger Grondmass typesch. Deen am wäitste verbreeten a bekanntste Vertrieder ass de Basalt.

Subvulkanitten änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Ganggestengs 


Eng Iwwerganksform tëscht plutoneschem a vulkaneschem Gestengs ass d'magmatesch Ganggestengs (och Subvulkanitten, Iwwerganksmagmatitten, Mesomagmatitten oder Mikroplutonitte genannt). Si bilde sech, wann de Magma an net ganz déif ënner der Kuuscht resp. a relativer Noperschaft zu der Äerduewerfläch weeder besonnesch lues nach besonnesch séier auskristalliséiert. E speziellt subvulkanescht Gestengs ass de Lakkolith. En typesche Vertrieder fir subvulkanescht Gestengs ass den Dolerit, de subvulkaneschen Equivalent vum Basalt resp. Gabbros (dofir och Mikrogabbro genannt).

Gruppéierung no cheemescher Zesummesetzung änneren

Dat magmatescht Gestenge kann och no senger cheemescher Zesummesetzung gruppéiert ginn. Dobäi ënnerscheet een unhand vum Verhältnes (mol-%) vu K2O+Na2O zu SiO2 tëscht

an

Wärend bei subalkaline Magmatitten den Undeel vu K2O+Na2O relativ niddreg am Verhältnes zum SiO2 ass, ass hie bei Alkali-Magmatitte relativ héich.

Klassifikatioun änneren

 
E Klassifikatiounsdiagramm fir Plutonitten.

Magmatescht Gestengs kann no verschiddene Kriterie klassifizéiert ginn. Eng vun de gängegste Methoden ass d'Andeelung am Streckeisendiagramm unhand vum Mineralbestand. Weider gängeg Methode berücksichtegen d'Hellegkeit (Faarfindex), d'Textur oder de Chemismus (z. B. den SiO2-Gehalt oder de Gehalt un Alkalen, Eisen, Magnesium oder aner Elementer).

Ëmwandlung an aner Gestengs änneren

D'Entstoe vu magmateschem Gestengs ass e Schrëtt am Gestengskreeslaf. Geneesou wéi all Gestengs opgeschmollt ka ginn, kann och all magmatescht Gestengs nofollgend prinzipiell weider Schrëtt an deem Zyklus duerchlafen an dobäi an aner Gestengstyppen ëmgewandelt resp. iwwerfouert ginn:

  • an e metamorpht Gesteng duerch Temperatur oder erhéichten Drock, z. B. wann e Bierg entsteet.
  • an e klastescht Sediment resp. Sedimentgestengs duerch Verwitterung an Erosioun an nofollgend Oflagerung vum Material op enger anerer Plaz.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Magmatescht Gestengs – Biller, Videoen oder Audiodateien