(7968) Elst-Pizarro

Asteroid

Den Elst-Pizarro ass de Prototyp vun enger Koméite-Klass, deenen hiren Orbit ganz an der Haaptceinture läit an net vun engem Asteroid ënnerscheet ka ginn, deen awer och eng Koma oder − wéi den Elst-Pizarro – am Perihel souguer e Schwäif huet. Den Objet huet dofir och d'Duebelbezeechnung 133P/Elst-Pizarro an (7968) Elst-Pizarro.

(7968) Elst-Pizarro
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Themis-Asteroiden
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 3,1597 A.E.
Exzentrizitéit 0,1613
Sideresch Ëmlafzäit 5,62 a
Mëttel Bunnvitess 16,75 km/s
Inklinatioun 1,3870 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 3,8 ± 0,6 km (Spitzer)
Mëttel Dicht 1,3 g/cm3
Rotatiounsperiod 3,471 h
Absolut Hellegkeet 15,6
Entdeckung
Entdecker M.R.S. Hawkins
& S.J. Bus & E. Elst
G. Pizarro
Entdeckungsdatum 24. Juli 1979 & 14. Juli 1996
Plaz La Silla-Observatoire
Aner Bezeechnungen 1996 N2, 133P/Elst-Pizarro
1979 OW7


Den Elst-Pizarro gouf 1979 entdeckt an ufanks als Asteroid 1979 OW7 genannt. Op Fotoen am Perihelion vun 1996 huet den Objet awer en däitleche Stëbsschwäif gewisen, sou datt den Elst-Pizarro an der Tëschenzäit nieft enger Asteroidennummer och als Koméit an der Grupp vun den Haaptceinturekoméiten rangéiert. Den Elst-Pizarro ass domat nieft dem (2060) Chiron, dem (4015) Wilson-Harrington, dem (60558) Echeclus an dem (118401) LINEAR ee vun nëmme fënnef Objeten (Stand: Mäerz 2007), déi souwuel als Koméit wéi och als Asteroid klasséiert sinn, woubäi den (3200) Phaethon méiglecherweis och an déi Grupp fällt.

Déi zäitlos Bunnelementer vum (7968) Elst-Pizarro si bal identesch mat deene vum méi groussen, wann ee vun der absolutter Hellegkeet vun 11,4 géigeniwwer 15,6 ausgeet, Asteroid (3615) Safronov.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren