(704) Interamnia

Asteroid


Den (704) Interamnia ass en Asteroid vun der baussenzeger Asteroidenhaaptceinture. E gouf den 2. Oktober 1910 vum italieeneschen Astronom Vincenzo Cerulli a sengem Privatobservatoire zu Teramo (Italien) entdeckt. Den Asteroid gouf nom antike réimeschen Numm vun Teramo, Interamnia genannt.

(704) Interamnia
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 3.061 A.E.
Exzentrizitéit 0,1511
Sideresch Ëmlafzäit 5 a 129 d
Mëttel Bunnvitess 16,9 km/s
Inklinatioun 17,29 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser (316 ± 5) km
Rotatiounsperiod 8,73 h
Albedo 0,074 ± 0,002
Absolut Hellegkeet 5,9M
Spektralklass F
Entdeckung
Entdecker V. Cerulli
Entdeckungsdatum 2. Oktober 1910
Plaz Abruzzen-Observatoire
Aner Bezeechnungen 1910 KU, 1952 MW

Den Interamnia beweegt sech op enger Distanz vun 2,6 (Perihel) bis 3,5 (Aphel) astronomeschen Eenheeten a 5,4 Joer ëm d'Sonn; d'Exzentrizitéit ass 0,15. D'Bunn ass mat 17,3° staark géint d'Ekliptik gebéit.

Mat engem Duerchmiesser vu ronn 316 km ass den Interamnia de sechstgréissten Objet vun der Haaptceinture. Den Asteroid huet eng donkel kuelestoffräich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,074. Observatiounen hu gewisen, datt d'Uewerfläch ongewéinlech beschafen a méiglecherweis stëbsfräi ass. A ronn 8 Stonnen a 44 Minutte rotéiert den Interamnia ëm seng eegen Achs.

Aspekter änneren

Stationär, da réckleefeg Oppositioun Minimaldistanz (AE) Maximalhellegkeet (M) Stationär, da rechtleefeg Konjunktioun zu der Sonn
26. Mee 2011 19. Juli 2011 1,89502 AE 10,0 M 10. September 2011 9. Mäerz 2012
25. September 2012 14. November 2012 1,73045 AE 9,9 M 22. Dezember 2012 3. Juli 2013
9. Dezember 2013 7. Februar 2014 2,30271 AE 10,8 M 31. Mäerz 2014 14. September 2014
9. Februar 2015 12. Abrëll 2015 2,56289 AE 11,3 M 29. Mee 2015 17. November 2015
26. Abrëll 2016 18. Juni 2016 2,12221 AE 10,3 M 11. August 2016 29. Januar 2017
5. August 2017 1. Oktober 2017 1,68865 AE 10,0 M 5. November 2017 29. Mee 2018
19. November 2018 13. Januar 2019 2,07275 AE 10,2 M 6. Mäerz 2019 22. August 2019
17. Januar 2020 20. Mäerz 2020 2,55395 AE 11,3 M 7. Mee 2020 25. Oktober 2020

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie