(34) Circe
Den (34) Circe ass en Asteroid vun der Haaptceinture.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptasteroidenceinture |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,685 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,1078 |
Sideresch Ëmlafzäit | 4 a 146 d |
Mëttel Bunnvitess | 18,1 km/s |
Inklinatioun | 5,50 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 114 km |
Mass | 1,5×1018 kg |
Mëttel Dicht | 4,83 ± 0,63 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 12 h 9 min |
Albedo | 0,0541 |
Absolut Hellegkeet | 8,51 |
Spektralklass | C |
Entdeckung | |
Entdecker | Jean Chacornac |
Entdeckungsdatum | 6. Abrëll 1855 |
Plaz | Paräis |
Aner Bezeechnungen | 1965 JL |
Den Objet gouf de 6. Abrëll 1855 vum Jean Chacornac entdeckt.
Den Himmelskierper gouf no der Kirke, der Zauberin aus der Odyssee genannt
Den Asteroid Circe beweegt sech op enger Distanz vun 2,39 (Perihel) bis 2,98 (Aphel) A.E. ëm eis Sonn. D'Bunnn steet 5,5° schréi zu der Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,11.
Den Circe huet en Duerchmiesser vun zirka 114 Kilometer. Seng kleng Eegegravitatioun dierft awer net ausreeche fir e Rotatiounsellipsoid ze formen, sou datt eng éischter onreegelméisseg Struktur z'erwaarden ass. De Wäert fir de mëttleren Duerchmiesser leet sech aus der absolutter Hellegkeet an aus dem Wäert vun der Albedo of.
D'Rotatiounsperiod gouf op 12,15 Stonne berechent.
Aspekter
ännerenStationär, da réckleefeg |
Oppositioun | Minimal distanz (AE) |
Maximalhel legkeet (mag) |
Stationär, da rechtleefeg |
Konjunktioun zu der Sonn |
---|---|---|---|---|---|
17. Abrëll 2014 | 5. Juni 2014 | 1,69290 | 12,1 | 25. Juli 2014 | 21. Januar 2015 |
15. Juli 2015 | 6. September 2015 | 1,96563 | 12,5 | 25. Oktober 2015 | 13. Abrëll 2016 |
21. Oktober 2016 | 6. Dezember 2016 | 1,62626 | 12,0 | 24. Januar 2017 | 12. August 2017 |