Den (203) Pompeja ass en Asteroid vun der Haaptceinture.

(203) Pompeja
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,7368 A.E.
Exzentrizitéit 0,0604
Sideresch Ëmlafzäit 4,528 Joer
Mëttel Bunnvitess ?  km/s
Inklinatioun 3,1849 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 116 km
Rotatiounsperiod 46,600 h
Albedo 0,041
Absolut Hellegkeet 8,97
Spektralklass DC
Entdeckung
Entdecker C. H. F. Peters
Entdeckungsdatum 25. September 1879
Plaz Clinton (Oneida County) Clinton New York


Orbit vum (203) Pompeja

Hie gouf de 25. September 1879 vum Christian Heinrich Friedrich Peters entdeckt. Den Asteroid gouf no der réimescher Stad Pompeji genannt, déi bei der Explosioun vum Vesuv am Joer 79 n. Chr. zerstéiert gouf.

De Pompeja beweegt sech op enger Distanz vun 2,5716 (Perihel) bis 2,9019 (Aphel) A. E. a 4,528 Joer ëm eis Sonn. D'Bunn läit 3,1849° schréi géint d'Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,0604.

De Pompeja huet en Duerchmiesser vun 116 Kilometer. Hien huet eng donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun nëmmen 0,041. Den Asteroid rotéiert a 46 Stonnen a 36 Minutten ëm seng eegen Achs.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren