Écouviez

franséisch Gemeng am Departement Meuse

Écouviez ass eng franséisch Gemeng am Departement Meuse an der Regioun Grand Est.

Écouviez
D'Kierch

D'Kierch
D'Kierch
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Montmédy
Postcode 55600
Gemengecode 55510
Koordinaten 49° 31’ 30’’ N
      05° 27’ 23’’ O
Fläch  430 ha
Bevëlkerung  501 (1999)

Écouviez läit am Dall vun der Kuer, dem Ton an der Couvreux, ëstlech vu Montmédy op der Grenz mat der Belsch.

D'Gemeng grenzt am Süden, Osten an Nordosten un d'Belsch. Nopeschuertschaften an der Belsch sinn Torgny, Lamorteau a Rouvroy. D'Nopeschgemengen a Frankräich si Velosnes a Verneuil-Grand.

Fréier huet Écouviez zur Grofschaft Chiny gehéiert a krut 1239 e Fräiheetsbréif vum Arnould vu Chiny. Duerno huet d'Par zum Baillage vu Marville am Bistum Tréier gehéiert. De leschte Grondhär vun Écouviez war de Pierre-Louis Roederer (1754-1835).

D'Kierch Saint-Michel ass aus dem Joer 1852, an de Kierchtuerm ass vun 1904.

Bis 1985 war d'Uertschaft un d'Eisebunnsnetz ugeschloss, an zwar an Direktioun Belsch iwwer d'Streck Marbehan-Virton-Écouviez an iwwer en Dräieck un déi franséisch Linn Mohon-Diddenuewen.

Um Spaweck änneren

Commons: Écouviez – Biller, Videoen oder Audiodateien