D'Couvreux ass eng kleng belsch-franséisch Baach an der Provënz Lëtzebuerg an am Departement Meuse.

Si huet hir Quellen an der Belsch nërdlech vun der Uertschaft Couvreux um südleche Bord vum Bësch mat dem Numm Bois d'Arrentement. Vun do aus leeft si de ganzen Zäit no Süden, duerch Couvreux, lénks laanscht Montquintin fir no ronn 2.500 Meter op d'franséisch Grenz ze kommen. A Frankräich leeft se dann de ganzen Zäit duerch d'Gemeng Écouviez fir op der belsch-franséischer Grenz tëscht Écouviez an Torgny an den Ton ze lafen. Um franséischen Terrain huet se eng Längt vun 2.200 Meter.

Vum franséische Service d'Administration Nationale des Données et Référentiels sur l'Eau gëtt se ënner dem Numm Couvreu gefouert, a se huet de Code B4230940.