Méchelskapell zu Nuechtmanescht
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vun Nuechtmanescht (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Nuechtmanescht | |||
Par | Parc Our Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Méchel | |||
Koordinaten | 49° 56’ 52.0’’ N 06° 07’ 41.0’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kapell vun Nuechtmanescht ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Pëtschent gehéiert.
De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.
D'Kapell steet zentral am Duerf an der Strooss Am Duerf. Nieft der Kapell steet déi fréier Schoul an déi fréier Molkerei. Déi dräi Gebaier sinn uneneen ugebaut.
Zur fréierer Par Mierschent gehéieren ausser der Kapell vun Nuechtmanescht och nach d'Parkierch vu Mierschent, d'Filialkierch vu Grooljen an d'Kapell vu Weiler.
Zanter dem 13. Abrëll 2012 ass d'Kapell als nationaalt Monument klasséiert.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Méchelskapell zu Nuechtmanescht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Housen-Houschent
- D'Kapell op der Websäit vun der Gemeng Pëtschent
- D'Fënstere vun der Kapell vun Nuechtmanescht op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)