Méchelskierch zu Colmer-Bierg

kathoulesch Kierch

D'Méchelskierch zu Colmer-Bierg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Colmer-Bierg gehéiert.

Kierch vu Colmer-Bierg
D'Kierch vu Colmer-Bierg (2014)

D'Kierch vu Colmer-Bierg (2014)
D'Kierch vu Colmer-Bierg (2014)
Uertschaft / Plaz Bierg
Par Ettelbréck
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Baujoer 1744
Koordinaten 49° 48’ 50.2’’ N
      06° 05’ 14.7’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Mäerzeger Strooss, dem CR345, net wäit vum Schlass Bierg. Den ale Kierfecht ass nieft der Kierch ugeluecht.

D'Geschicht vum Gebai änneren

D'Kierch staamt aus dem Joer 1744 an ass zanter 1803 d'Parkierch vun der Par Colmer-Bierg. Se gouf duerch d'Gonscht vum Johann Gerard vun Heisgen op der Plaz opgeriicht, wou virdrun eng Kapell stoung. Haut ass nach de Wope vum Bauhär ënner dem Relief vum Kierchepatréiner, dem hellege Mëchel, ze gesinn.

Kuriositéiten änneren

  • An enger Fënster gesäit ee Schlass Bierg, souwéi e Bild vum jonke Groussherzog Jean.
  • Riets nieft dem Altor ass op zirka 3 m Héicht e private Balcon mat verglaste Fënstere fir d'groussherzoglech Famill. Den Zougang op dëse Balcon ass iwwer e klengt duebelstäckegt Gebai dat un d'Kierch ugebaut ass.
  • Kuriéis Symboler op verschidde Bausteng op béiden Ecker vun der Kierch.

Op engem speziellen Deel vum Kierfecht virun der Kierch sinn 12 Griewer vun der Famill Blochausen. Ënner anerem läit do de Baron Félix de Blochausen (fréiere Staatsminister a Chamberpräsident) souwéi säi Virfahren, de François Joseph Icnace de Blochausen (Member vun der 1. Chamber vum Hollännesche Kinnekräich) begruewen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Méchelskierch zu Colmer-Bierg – Biller, Videoen oder Audiodateien