Eng Wo ass en Moossgeschier mat deem d'Mass vun engem Objet gemooss gëtt. Normalerweis geschitt dat duerch direkt Moosse vun engem Gewiicht, wéi bei Fiederwoen oder duerch de Verglach mam Gewiicht vun enger bekannter Mass wéi z. B. bei der Kléckwo oder der Botterwo.

Eng elektresch Kichewo mat engem Pak Paangechsmiel

Et gëtt vill ënnerschiddlech Woen déi a verschiddene Beräicher agesat ginn. Am Stot fënnt een zum Beispill am Buedzëmmer eng Kierperwo mat där de Mënsch säi Kierpergewiicht ka moossen, an an der Kiche ginn d'Liewensmëttel op enger Kichewo gewien. En anert Beispill ass d'Bréifwo an der Post fir Bréiwer ze weien.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Woen – Biller, Videoen oder Audiodateien