D'franséisch Éierelegioun, op Franséisch Ordre national de la Légion d'honneur, ass eng Associatioun vu verdéngschtvolle Militärpersounen oder Zivilisten, déi den 19. Mee 1802 vum Generol an Éischte Konsul Napoleon Bonaparte, nom Virbild vun der ofgeschaafter Monarchie sou wéi ë. a. den Ordre de Saint-Michel, den Ordre du Saint-Esprit, den Ordre de Saint-Louis gegrënnt gouf. Den Ordre de la Légion d'honneur ass zanterhier den héchsten a bekanntsten Uerde vu Frankräich a gouf nom Doud vum Napoleon bäibehalen. Haut ass de President vun der Republik Groussmeeschter vum Uerden (Grand maître); hie kritt deen Dag, wou e seng Funktiounen offiziell iwwerhëlt, de Collier du Grand-Maître – deemno eng Halsketten – iwwerreecht.

D'Offizéierkräiz vun der
Légion d'honneur, 1880

Am Uerde sinn ongeféier zwee Drëttel Militärpersounen an een Drëttel Zivilpersoune Member.

Déi éischt Verdeelung vun dëser Auszeechnung war de 15. Juli 1804[1]. Deen eelste Mënsch, deen d'Éierelegioun krut, war de Marcellin Babaud, en Zaldot aus dem Éischte Weltkrich. Hie gouf de 27. Juli 1994 am Alter vun 106 Joer Ritter vun der Legioun.

Zu Paräis gëtt et, direkt nieft dem Musée d'Orsay, de Musée de la Légion d'honneur. D'Légion d'honneur ënnerhält och eng schoulesch Institutioun mat engem Internat fir déi mannerjäreg Meedercher vu militäresche Memberen, déi am Asaz fir Frankräich gefall sinn.

Graden änneren

Lëtzebuergesch Franséisch Zil am Code Bestand am Joer 2000 Gielchen
Ritter Chevalier[2] 125.000 87.371  
Offizéier Officier 10.000 22.401  
Commandeur Commandeur[3] 1.250 3.626  
Groussoffizéier Grand officier 250 321  
Grousskräiz Grand-croix 75 61  
Groussmeeschter Grand maître 1 1

Persounen, déi ausgezeechent goufen (Auswiel) änneren

 
Éischt Verdeelung vum Uerden de 15 Juli 1804 an der église des Invalides.
Bild vum Jean-Baptiste Debret, 1812. Musée national du château de Versailles

Fransousen änneren

Abbé Pierre - Jacques Anquetil - Hélène Boucher - Jean Bringer - Albert Deriot - Blaise Illig - Charles Messier - Aimé Ramond - Paul Matthieu Hermann Laurent - Jules Liégeois - Tino Rossi - Marcel Marceau - Maurice Koechlin - Gaston Carré - François de Curel

Belsch änneren

Albert Frère - André Grétry - Félicien Rops

Däitscher änneren

Hubert Rohde

Italieener änneren

Umberto Eco

Lëtzebuerger änneren

Jean Asselborn - François Altwies - Anne Beffort - Charles Bivort - Nicolas Cito - Antoine Diederich - Jean-Marie Halsdorf - Joseph Hansen - Erna Hennicot-Schoepges - Jules Hoffmann - Joseph Junck - Jean-Claude Juncker - Emile Krieps - Astrid Lulling - Charles Marx - Aloyse Meyer - Marcel Noppeney - Jean-Pierre Pescatore - Lydie Polfer - Jacques Santer - Emmanuel Servais - Robert Stumper - Liliane Thorn-Petit - Joseph Weyland - Yves Mersch

Schotten änneren

Sean Connery

US-Amerikaner änneren

Audie Murphy - Bob Dylan

Institutiounen, déi ausgezeechent goufen änneren

Stied a Gemengen a Frankräich änneren

Abbeville - Albert (Somme) - Amiens - Argentan - Arras - Ascq - Audun-le-Roman - Badonviller - Bapaume - Bazeilles - Beauvais - Belfort - Béthune - Bitche - Boulogne-sur-Mer - Brest - Caen - Calais - Cambrai - Chalon-sur-Saône - Château-Thierry - Châteaudun - Dijon - Douai - Dunkerque - Étobon - Évreux - Falaise (Calvados) - Gerbéviller - Landrecies - Le Havre - Lens (Pas-de-Calais) - Lille - Longuyon - Longwy - Lorient - Lyon - Metz - Montdidier - Nanzeg - Nomeny - Noyon - Oradour-sur-Glane - Paräis - Péronne (Somme) - Phalsbourg - Pont-à-Mousson - Rambervillers - Reims - Roanne - Rouen - Saint-Dié-des-Vosges - Saint-Dizier - Saint-Jean-de-Losne - Saint-Lô - Saint-Malo - Saint-Nazaire - Saint-Quentin - Soissons - Strasbourg - Thionville - Tournus - Valenciennes - Verdun

Stied am Ausland änneren

Stad Land Datum vun der Auszeechnung
Alger   Algerien 2004-08-1515. August 2004
Belgrad   Jugoslawien 1920-12-2828. Dezember 1920
Léck   Belsch 1914-08-077. August 1914
Lëtzebuerg   Lëtzebuerg 1957-06-1818. Juni 1957
Volgograd[4]   Russland 1984-12-2020. Dezember 1984

Schoulen änneren

Entreprisen änneren

  • Déi franséisch Eisebunn, d'SNCF

Organismen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Légion d'honneur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Cf. d'Kapitel Les premières remises d'insignes op der Säit Historique vun der grande chancellerie op http://www.legiondhonneur.fr
  2. D'Bezeechnung vum chevalier war bis 1808 légionnaire (Legionär)
  3. D'Bezeechnung vum commandeur war bis 1816 commandant (Kommandant)
  4. Volgograd ass den haitegen Numm vu Stalingrad.