Léck

belsch Groussstad, Haaptstad vun der Provënz Léck

Léck ass eng Groussstad am Oste vun der Belsch an d'Haaptstad vun der Provënz Léck, déi hiren Numm dréit. Déi ganz Lécker Agglomeratioun huet ongeféier 600.000 Awunner. Si ass déi gréisst Stad vu Wallounien an hanner Bréissel an Antwerpen déi drëttgréisst Stad vun der Belsch.

Liège
lb: Léck / wa: Lidje
Vue op de südleche Wutz vun Outre-Meuse vun der Kennedy-Bréck aus an d'Rue Grétry gekuckt
Aussprooch
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Awunner 195.278 (1. Januar 2022)
Fläch 68,65 km²
Koordinaten 50°38'23"N, 5°34'14"O
Telefonszon 04
Postcode 4000 / 4020
Websäit https://www.liege.be/fr

Vu Lëtzebuerg aus brauch een 2 Stonnen an 30 Minutte fir Léck mam Zuch z'erreechen (167 km mam Auto).

Kulturell gesinn, ass Léck, mat senge Muséeën, prächtege Gebaier, Universitéit an aneren Héichschoulen (17 000 Studenten) eng ganz wichteg Stad. Och wirtschaftspolitesch gesinn; vill grouss an international Entreprisen hunn do hire Sëtz.

Fréier Gemengen a Quartieren änneren

Fréier Gemengen änneren

D'Stad Léck ëmfaasst déi fréier Gemengen Angleur, Bressoux, Chênée, Glain, Grivegnée, Jupille, Léck, Rocourt, Wandre an och, ënner anerem, den Uertschaftsdeel Sclessin vun der fréierer Gemeng Ougrée. All dës Gemenge goufen 1977 an d'Stad Léck am Kader vun der Gemengefusioun integréiert.

Quartieren änneren

Geschicht änneren

BelschFürstentum LéckBëscheef vu Léck


Légion d'honneur änneren

 
D'Stadhaus La Violette vu Léck

De 7. August 1914 krut Léck déi franséisch Dekoratioun Légion d'honneur.

Citatioun: Ce splendide fait d'armes constitue, pour la Belgique et pour la ville de Liège en particulier, un titre impérissable de gloire dont il convient que le gouvernement de la République perpétue le souvenir mémorable en conférant à la ville de Liège la croix de la Légion d'honneur.

Kuckeswäertes änneren

Leit déi mat Léck ze dinn hunn änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Léck – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Panorama vun der Stad Léck, opgeholl aus Direktioun vum Quartier Cointe