Noyon ass eng franséisch Gemeng am Departement Oise, an der Regioun Hauts-de-France.

Noyon
Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Oise
Arrondissement Compiègne
Kanton Noyon
Postcode 60400
Gemengecode 60471
Koordinaten 49° 34’ 54’’ N
      02° 59’ 59’’ O
Fläch  1.800 ha
Bevëlkerung  14.240 (2007)
D'Kathedral vun Noyon

Noyon läit am Dall vun der Oise, um Säitekanal vun der Oise an um Canal du Nord.

Geschicht änneren

Noyon war schonn zu der Zäit vun de Gallier bewunnt. Et war eng staark befestegt Stad, soudatt 531 de Bëschof Medardus säi Sëtz vu Vermand dohi verluecht huet.

Zu Noyon goufen 768 de Karel de Groussen, an den 19. August 987 de Kapetenger Hugues Capet zum Kinnek vun de Franke gewielt.

Den 13. August 1516 gouf do en Traité tëscht dem François Ier an dem Karel V. ënnerschriwwen, an deem Frankräich Mailand zougesprach krut, mä Neapel huet missen opginn.

Am Éischten an am Zweete Weltkrich huet Noyon staark ënner der däitscher Besatzung ze leide gehat.

Kuckeswäertes änneren

Bekannt Leit änneren

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Noyon – Biller, Videoen oder Audiodateien