De Sir Thomas Sean Connery, gebuer de 25. August 1930 zu Fountainbridge, engem Deel vun Edinburgh (Schottland) a gestuerwen den 31. Oktober 2020 op de Bahamas, war e schottesche Schauspiller.

Sean Connery
Gebuertsnumm Thomas Sean Connery
Gebuer 25. August 1930
Edinburgh
Gestuerwen 31. Oktober 2020
Doudesursaach Otemnout
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Schauspiller, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Mëllechmann, Foussballspiller
Famill
Bestuet mat Diane Cilento, Micheline Roquebrune
Geschwëster Neil Connery
Kand Jason Connery

Säi Liewen änneren

De Sean Connery ass de Jong vum Joseph Connery an der Euphamia 'Effie' Maclean. No der Schoul ass hien an d'Arméi gaangen, duerno huet hien et a verschiddene Beruffer versicht. Nodeem hien am Joer 1950 fir Schottland am Mr. Universum Concours ugetruede war, a sech als drëtte klasséiert hat, krut e Schauspillerrollen ugebueden.

Säin éischte Film an deem en eng gréisser Roll hat, war 1957 No Road Back. Am Joer 1962 spillt hien dunn am Film Dr. No den James Bond. Dëse Film war den Ufank vum Connery senger grousser Filmcarrière.

De Sean Connery war vun 1962 bis 1973 mat der Diane Cilento bestuet. Zesummen hu si e Kand, den Jason Connery, deen och Schauspiller ass. Zanter 1975 war de Sean Connery mat der Micheline Roquebrune bestuet.

Filmographie änneren

 
1964
 
1988

vun 1954 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis änneren

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Sean Connery – Biller, Videoen oder Audiodateien