Jacques Anquetil

franséische Vëlossportler

De Jacques Anquetil, (Spëtznumm Maître Jacques), gebuer zu Mont-Saint-Aignan den 8. Januar 1934, a gestuerwen den 18. November 1987 war e franséische Vëloscoureur.

Jacques Anquetil
Gebuertsnumm Jacques Eugène Ernest Anquetil
Gebuer 8. Januar 1934
Mont-Saint-Aignan
Gestuerwen 18. November 1987
Rouen
Doudesursaach Mokriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Vëlossportler

De Jaques Anquetil war ee vun de beschte franséische Coureuren a souguer ee vun de beschten iwwerhaapt. De Jacques Anquetil ass Papp vun engem Bouf an engem Meedchen.

Biographie änneren

De Jacques Anquetil kritt seng éischt Lizenz als Vëlossportler den 2. Dezember 1950 als Amateur beim A.C. Sotteville. Hien hat fir Dréier an Ajusteur geléiert wou hien och seng Meeschterprüfunge gemaach hat, huet awer haaptsächlech sengem Papp gehollef, dee Gäertner war an eng Äerdbiersziichterei hat.

Als Amateur hat hie 16 Victoiren op sengem Kont, dovu seng éischt um Prix Maurice Latour den 3. Mee 1951 zu Rouen. Am Joer 1952 gewënnt hien de Prix de France, den Tour de la Manche an d'franséisch Landesmeeschterschaften op der Strooss.

Duerno ass den Anquetil Profi vun 1953 bis 1969 a gewënnt 184 Courssen.

Nodeem de Maître Jacques de Vëlo un den Nol gehaangen hat gouf hie Correspondent vun der Zeitung L'Équipe a Beroder op Europe1. Hie war och nach Directeur de Course bei Paris - Nice an am Tour Méditerranéen, an e war Member vum Comité vun der FFC. En huet och Reportage fir d'Televisioun gemaach mä seng Haaptbeschäftegung war fir op sengem Bauerebetrib, dem « Domaine des Elfes » (200 ha) bei La Neuville-Chant-d'Oise, Gentleman-Farmer ze spillen.

Medailen an Unerkennungen änneren

Ekippen änneren

Säin éischten Trainer war den André Boucher, bei deen en och nach spéider ëmmer gutt Rotschléi froe goung, besonnesch fir Coursse géint d'Zäit.

Palmarès änneren

 
Stèle als Erënnerung un de Jacques Anquetil op der Kräizung vun der RD36 an der RD938 zu Châteaufort,op der Kopp vun der Côte de la Trinité

Resultater um Tour de France änneren

Resultater um Giro änneren

  • 1959: 2. am Generalklassement a Gewënner vun zwou Etappen
  • 1960: 1. am Generalklassement a Gewënner vun zwou Etappen
  • 1961: 2. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp
  • 1964: 1. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp
  • 1966: 3. am Generalklassement
  • 1967: 3. am Generalklassement

Resultater an der Vuelta änneren

  • 1962: Opginn
  • 1963: 1. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp

1953 änneren

1954 änneren

1955 änneren

1956 änneren

1957 änneren

1958 änneren

1959 änneren

1960 änneren

1961 änneren

1962 änneren

1963 änneren

1964 änneren

1965 änneren

1966 änneren

1967 änneren

1969 änneren

Erënnerungen änneren

Op der Kräizung vun den Departementsstroossen RD36 an RD938, op der Kopp vun der Côte de la Trinité bei Châteaufort, war am Mäerz 1989, nom Doud vum Coureur eng bronze Sculptur déi de Jacques Anquetil um Vëlo duergetallt huet, opgeriicht ginn. Déi gouf awer séier geklaut a gouf spéider duerch eng Sail ersat wou d'Erënnerungsplack déi Rescht blouf drop festgemaach ass.

D'Monument steet um fréiere Parcours vum Grand Prix des Nations, deen de Jacques Anquetil néngmol gewonnen hat.

Um Rond-point Jacques Anquetil zu Épinay-sous-Sénart an der Essonne erënnert eng styliséiert bronze Skulptur vum Alex Garcia un de grousse Coureur. 48° 41’ 50.61’’ N 02° 31’ 09.82’’ O

Zitater änneren

« Il faut être un imbécile ou un faux-jeton pour s'imaginer qu'un cycliste professionnel qui court 235 jours par an peut tenir le coup sans stimulants. »

- - L'Équipe, 1967.

Um Spaweck änneren

Commons: Jacques Anquetil – Biller, Videoen oder Audiodateien