Hubert Rohde

saarlännesche Politiker
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Hubert Rohde gebuer den 28. Februar 1929 zu Hildesheim, a gestuerwen de 17. Februar 2019 war en däitsche Pedagog a Kulturpolitiker. Vun 1978 bis 1988 war hien Intendant vum Saarlännesche Rundfunk.

Hubert Rohde
Gebuer 28. Februar 1929
Hildesheim
Gestuerwen 17. Februar 2019
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser
Partei CDU

Säi Liewen änneren

Den Hubert Rohde staamt enger chrëschtlecher Famill. Fir net an d'Waffen-SS agegliddert ze ginn, huet hie sech mat 14 Joer „fräiwëlleg“ als Reserveoffizéieschkandidat fir déi schwéier Artillerie gemellt, eng Truppeformatioun vun där hie wousst, datt d'Waffen-SS net driwwer disposéiere géif. An den Asaz ass hien allerdéngs net méi komm.

Nom Krich huet hien zu Frankfurt am Main, München, Innsbruck, Salzburg an Dublin Pedagogik, Philosophie, Konschtgeschicht, Archeologie an Theologie studéiert.

De Rohde war mat der Karin Attorf, déi 1988 verscheet ass, bestuet. Aus dem Bestietnes stame véier Kanner, dorënner och den Dominicus H. Rohde, deen haut zu Schengen d'Friddenstëftung verwalt, déi säi Papp Hubert matgegrënnt huet. Zanter 1962 lieft den Hubert Rohde am Mandelbachtal am Saarland.

Beruff änneren

Nom Doktorat (Dr. phil.) (1953) war de Rohde fir unzefänken an der Erzéiung, Jugendaarbecht an Erwuessenebildung aktiv. Du gouf hien Dozent an Universitéitsprofesser op den Héichschoulen an Universitéite vu Paderborn a Saarbrécken. 1965 gouf hien och Rekter vun der Peter-Wust-Hochschule zu Saarbrécken. Hie war a verschiddenen akadeemesche Gremie vum Saarland aktiv.

1977 gouf hien Intendant vum Saarlännesche Rundfunk, eng Funktioun, déi hie bis Enn 1988 hat.

Politesch Karriär änneren

Vun 1964 bis 1970 war de Rohde éierenamtleche Buergermeeschter vu senger Heemechtsgemeng Heckendalheim, haut Gememengebezierk vu Mandelbachtal am Saar-Pfalz-Krees. 1970 gouf hien als CDU-Deputéierten an de saarlännesche Landtag gewielt.

Vun 1988 bis 2000 war hie Generalsekretär vum Deutsch-Französischen Kulturrat .

Auszeechnungen änneren

Als Unerkennung fir seng Verdéngschter ëm déi däitsch-franséisch Verstännegung gouf hie vum franséische Staatspresident mam Ritterkräiz vun der franséischer Légion d'honneur ausgezeechent.