Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pierre François Joseph Junck, gebuer de 14. August 1839 a Clausen, a gestuerwen de 27. Juli 1922 an der Stad Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Philantrop, Gewerkschaftler a Groussmeeschter vun der Fräimaurer-Loge.

Joseph Junck
Gebuer 14. August 1839
Gestuerwen 27. Juli 1922
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler

Seng Karriär bei der Bunn änneren

Den 1. Oktober 1859 krut hien eng Plaz bei der franséischer Compagnie des chemins de fer de l'Est.

1872 gouf hie Chef de gare zu Wëlwerwolz.

1873 krut hien déi selwecht Plaz zu Dummeldeng.

Den 13. September 1875 gouf de Junck Chef de gare an der Stad Lëtzebuerg an hien ass op där Plaz bliwwe bis den 31. Dezember 1911.

Op der Fassad vun der Stater Gare ass de Junck vu sengem Frënd, dem Sculpteur Pierre Federspiel, veréiwegt ginn.

De Joseph Junck ass e Virfahr vum Roland Junck.

Gewerkschaftler änneren

Vun 1909 bis 1922 war de Joseph Junck den éischte President vum Landesverband.

Gielercher änneren

Hei ass d'Lëscht vun den Auszeechnungen déi hien hat sou wéi se a senger Doudesannonce opgezielt sinn[1]:

No him benannt änneren

Déi fréier rue du Tramway, déi vis-à-vis vun der Gare bis an d'Stroossbuerger Strooss féiert, gouf a rue Joseph Junck ëmbenannt (PLZ:1839)[2]

Literatur änneren

  • 100 Joer Gare Lëtzebuerg, Kapitel 07 Bahnhof Luxemburg und seine Vorsteher, S126-129, Éditions Guy Binsfeld, ISBN 978-2-87954-256-0

Um Spaweck änneren

Commons: Joseph Junck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Doudesannonce vum Joseph Junck am Escher Tageblatt vum 28. Juli 1922 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2012-11-25.
  2. Evy Friedrich, ons stad Nr 16, Juli 1984