Le Havre

Franséisch Gemeng
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad Le Havre. Fir dem Kaurismäki säi Film, kuckt wgl. Le Havre (Film).

Le Havre ass eng Gemeng am Nordweste vu Frankräich, an der Regioun Normandie, um rietsen Uwänner vun der Mëndung vun der Seine an den Äermelkanal, an um nordwestleche Wupp vun der natierlecher Regioun Pays de Caux. Hiren Hafen ass, no deem vu Marseille, deen zweetgréisste vu Frankräich, wat de Gesamttrafic ugeet, an dee gréisste, wat de Containertrafic betrëfft.

Le Havre
Le Havre mat Plage

Le Havre mat Plage
Le Havre mat Plage
Land Frankräich
Regioun Normandie
Departement Seine-Maritime
Arrondissement Le Havre (Chef-lieu)
Kanton 9 Kantone vu Le Havre
Postcode 76600, 76610, 76620

CODAH

Gemengecode 76351
Koordinaten 49° 29’ 24’’ N
      0° 06’ 00’’ O
Fläch  46,95 ha
Bevëlkerung  172 807 (2014)

Verwaltungsméisseg ass d'Gemeng, mat Dieppe, eng vun den zwou Ënnerprefekture vum Departement Seine-Maritime. Si ass och Chef-lieu vun 9 Kantonen an e Bëschofssëtz.

D'Stad an den Hafe goufe 1517 vum François I. gegrënnt. Bis un d'Enn vum 18. Joerhonnert hunn d'Reliounskricher, Kricher mat England an Epidemien eng schëtzeg Entwécklung verhënnert. Dës koum mam Sklavenhandel, dono mam Handel allgemeng.

1944 gouf Le Havre vun der Royal Air Force duerch Bomme bal ganz zerstéiert. Dem Architekt Auguste Perret säin Atelier huet d'Stad aus Bëtong nees opgebaut. Bis ëm 1970 huet d'Chimiesindustrie an d'Autoskonstruktioun d'Stad opliewe gelooss. Zanterhier goung et mam Schëffbau biergof, an de Chômage an d'Luucht. Zanter den 1990er gi vill Efforte gemaach fir d'Ekonomie ze restrukturéieren: Tertiärsektor, Aeronautik, Wandenergie. Den Hafe gouf ausgebaut fir méi grouss Containerschëffer opzehuelen, d'Aarbechterquartieren am Süde goufe renovéiert (déi al Docke goufen ëmfonctionéiert), an de Schëffsbau huet nees ugezunn.

Ëstlech an nërdlech vum Zentrum sinn d'Quartieren Danton, Saint-Vincent, Graville, Massillon, asw.) déi net am Zweete Weltkrich zerstéiert goufen, an déi typesch Elementer vun der Zillenarchitektur vum 19. an ufanks 20. Joerhonnert Opweises hunn.

2005 gouf den nees opgebauten Zentrum vun der Unesco als Kulturweltierwe klasséiert. De Musée fir Modern Konscht André-Malraux gouf deen zweetgréissten a Frankräich, wat impressionistesch Molerei betrëfft.

Kuckeswäert ass och d'Maison de la Culture du Havre, déi 1982 vum Oscar Niemeyer entworf gouf. Ëm d'Joerdausendwenn gouf och de Garer Quartier moderniséiert, mat vill modernen Neibauten (Universtéit Le Havre, École de management de Normandie, Conservatoire, Firmesëtzer,...).

An d'Nopeschgemeng Honfleur um lénksen Uwänner vun der Seine kënnt een iwwer de Pont de Normandie.

Um Spaweck änneren

Commons: Le Havre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren