Zosma (Stär)
Stär am Stärebild Leo
Den Zosma (och Dhur) ass den Numm vum Stär δ Leonis (Delta Leonis) am Stärebild Leo. Aner Nimm fir de Stär sinn: Zubra, Duhr.
Den Zosma ass zirka 58 Liichtjoer vun eis ewech (Hipparcos Datebank) an huet eng visuell Magnitude vu +2,6 mag. Hie gehéiert zu der Spektralklass A3.
Koordinaten fir d'Equinoxe J2000.0:
- Rektaszensioun: 11h 14m 06,5s
- Deklinatioun: +20° 31' 25,4"