De Wilhelm Gliese, gebuer den 21. Juni 1915 zu Goldberg a Schlesien[1] a gestuerwen den 12. Juni 1993 zu Heidelberg war en däitschen Astronom.

Wilhelm Gliese
Gebuer 21. Juni 1915
Gestuerwen 12. Juni 1993
Heidelberg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Breslau
Aktivitéit Astronom

De Gliese huet vun 1933 un op der Universitéit Breslau Astronomie, Mathematik a Physik studéiert, duerno zu Berlin wou hien och am Astronomesche Recheninstitut geschafft huet. No sengem Retour aus der Krichsgefaangenschaft 1949 war hien um Astronomesche Rechen-Institut zu Heidelberg ugestallt. Bis 1954 war hie Mataarbechter um Astronomesche Joerbuch, a vun 1957 u bis zu senger Pensioun war hien um Fundamentalkatalog 4 resp. FK5 bedeelegt.

Hien ass wéinst dem Gliese-Katalog (Katalog vun noe Stären) bekannt ginn, deen 1969 erauskoum. 1951 hat de Professer Peter van de Kamp hien dozou bruecht fir e Katalog mat sonnennoe Stäre zesummenzestellen an dobäi d'Grenz vu fënnef Parsec (mat ronn 40 Objeten) op dat Véierfacht (mat iwwer 1000 Stären) ze vergréisseren. Eng éischt Versioun vun dësem Katalog mat Objete bis zu 20 Parsec ass 1957 erauskomm. D'Éditioun vun 1969 (mat iwwer 2000 Objeten) ass bis 22 Parsec gaangen. Dës Gliese-Kataloge goufen d'Grondlag fir wesentlech weider Recherchen iwwer d'Verdeelung, d'Zesummesetzung an d'Kinematik vu masseaarme Stären an der Noperschaft vun eiser Sonn.

Den Asteroid (1823) Gliese ass no him genannt.

Referenz änneren

  1. http://www.solstation.com/stars/gliese-w.htm

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie