Peter van de Kamp

De Peter van de Kamp, gebuer de 26. Dezember 1901 als Piet van de Kamp a gestuerwen den 18. Mee 1995, war en hollännesch-US-amerikaneschen Astronom. Hie gouf bekannt duerch seng Recherchen iwwer de Feilstär vum Barnard.

Peter van de Kamp
Peter van de Kamp, RIT NandE 1973 Sep14 Complete.jpg
Gebuer 26. Dezember 1901
Kampen
Gestuerwen 18. Mee 1995
Amsterdam
Nationalitéit Holland, USA
Educatioun Universitéit vun Utrecht,
Universitéit Groningen,
University of California
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Van de Kamp huet vun 1923 un an den USA gelieft. Am Ufank huet hien um Leander McCormick Observatory geschafft, spéider dann um Lick Observatory. 1925 gouf hie promovéiert an ass zeréck an de McCormick Observatoire gaangen.

1937 gouf hie Direkter vum Sproul Observatoire, Swarthmore College. Do huet den Astrometrie-Spezialist ugefaangen d'Beweegunge vum Barnard-Stär ze observéieren. An den 1960er Joren huet hie vu periodesche Schwankungen ("wobbles") an der Eegebeweegung vum Stär geschriwwen, déi hien op een oder zwéi planetär Begleeder mat Massen änlech wéi d'Planéite Jupiter a Saturn zeréckgefouert huet. Spéider huet sech erausgestallt, datt d'Ursaach vun de Schwankunge bei engem systematesche Instrumentefeeler louch.

AuszeechnungeÄnneren

Den Asteroid Van de Kamp gouf éierenhalwer no him genannt.

LiteraturÄnneren

  • Schilling, G.. "Peter van de Kamp and His "Lovely Barnard's Star.". Astronomy 13: 26 - 28.
  • Van de Kamp, Peter. (1969). "Alternate dynamical analysis of Barnard's star.". Astronomical Journal 74 (8): 757.
  • Van de Kamp, Peter. (1982). "The planetary system of Barnard's star". Vistas in Astronomy 26 (2): 141. DOI:10.1016/0083-6656(82)90004-6.

  Portal Astronomie