D'Opelbad ass eng oppe Schwämm vun der Stad Wiesbaden. Dem Geheimrat Wilhelm von Opel seng Stëftung huet et 1933 erméiglecht dës Schwämm ze baue fir de Kurbetrib an den Tourismus nei ze beliewen.

D'Opelbad mat Vue op Wiesbaden

D'Freibad Opelbad, wéi d'Anlag offiziell heescht, läit um Südhang vum Neroberg eng 80 Meter iwwer dem Stadzentrum. D'Schwämm ass vun Enn Mee bis uganks September op.

D'Schwämm gouf tëscht 1933 an 1934 vum Wiener Architekt Franz Schuster gebaut.

Um Spaweck änneren

Commons: Opelbad – Biller, Videoen oder Audiodateien