Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Schlass Biebrich, am Staddeel Biebrich zu Wiesbaden am Bundesland Hessen an Däitschland, war eng fréier herzoglech Residenz vum Haus Nassau.

Schlass Biebrich

Land Däitschland
Plaz Biebrich
Bauzäit 1700 - 1750

D'Gebai, dat direkt um Rhäinufer läit, ass net no engem eenheetlechen Entworf entstanen, mä ass tëscht 1700 a 1750 ëmmer nees erweidert ginn, bis sech schliisslech aus engem Gardenhäischen eng dräifliggeleg Anlag entwéckelt hat. Haut zielt et zu deene bedeitendste Barockschlässer um Rhäin. Op der dem Rhäin ofgewandte Säit ass e wäitleefege Schlasspark, an dem all Joer zu Péngschten e bekannte Reitturnéier ass.

Am Schlass huet haut ënner anerem dat hessescht Landesamt für Denkmalpflege seng Büroen. Donieft gëtt et och vun der hessescher Landesregierung fir Representatiounszwecker benotzt.

Um Spaweck

änneren


Commons: Schloss Biebrich – Biller, Videoen oder Audiodateien