Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Walross (Odobenus rosmarus) ass déi eenzeg lieweg Raubdéierenaart aus der Gattung Odobenus (Walrossen) bannent der Famill Odobenidae.

Walross
E Walross

E Walross
E Walross
Aner Sproochen: fr: Morse
de: Walross
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Famill: Odobenidae
Ënnerfamill: Odobeninae
Gattung: Odobenus
Wëssenschaftlechen Numm
Odobenus rosmarus
L., 1758

Se liewen an de Mierer vum Arkteschen Ozean, vum nërdleche Pazifeschen Ozean a vum nërdlechen Atlanteschen Ozean. Den Areal vun der Aart läit a Kanada, an den USA (Alaska), a Russland, an Norwegen (Spitzbergen, Jan Mayen) an a Grönland[1].

D'Déier ass bis 450 cm (Männercher) oder bis 370 cm (Mudderen) laang. D'Gewiicht ass ronn 1500–2000 kg (Männercher) oder 800–900 kg (Mudderen). Hir Haaptcharakteristik sinn déi grouss Stousszänn, bis 80 cm laang[2].

Et gëtt 3 Ënneraarten[3], an zwar d'Atlantescht Walross (Odobenus rosmarus rosmarus) dat am Atlantik doheem ass, d'Pazifescht Walross (Odobenus rosmarus divergens) dat am Pazifik lieft an d'Odobenus rosmarus laptevi dat am Laptewmier vum Arkteschen Ozean lieft.

Um Spaweck änneren

Commons: Walross – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.iucnredlist.org/details/15106/0
  2. Archive copy Archivéiert op 2015-12-23. Gekuckt de(n) 2017-01-17.
  3. http://www.departments.bucknell.edu/biology/resources/msw3/browse.asp?id=14001024