D'Raubdéieren (Carnivora) sinn eng Uerdnung aus der Klass vun de Mamendéieren an där et 8 Famillje mat am Ganzen 138 Aarte gëtt, dorënner Kazen, Hyänen, Hënn, Otteren a Bieren.

Raubdéieren

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Ënnerstamm: Wierbeldéieren
Klass: Mamendéieren
Iwweruerdnung: Laurasiatheria
Uerdnung: Raubdéieren
Wëssenschaftlechen Numm
Carnivora
Thomas Edward Bowdich, 1821
Iwwerfamilljen

Hondsdéieren
Kazendéieren

Anatomie änneren

Karnivoren hunn all kräfteg Kiferen a schaarf Zänn, vun deene besonnesch d'Eckzänn grouss sinn.

Verbreedung änneren

Raubdéiere gëtt et mat Ausnam vun der Antarktis op all Kontinenter. An Australien, wou et s'ursprénglech net gouf, sinn eng Rëtsch vun hinne vum Mënsch ausgesat ginn oder aus der Gefaangenschaft fortgelaf.

Ernierung änneren

D'Raubdéieren ernieren sech gréisstendeels vu Fleesch, Innereien a Blutt vun de Wierbeldéieren. Verschidden Aarten erniere sech dobäi awer och vu Planzen oder Friichten a verschiddener wéi z. B. de Grousse Panda souguer nëmme vu Planzen.

Systematik änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Raubdéieren – Biller, Videoen oder Audiodateien