Vulkanit (och vulkanescht Gestengs, Ergossgestengs, Eruptivgestengs, Effusivgestengs oder Extrusivgestengs) ass e Gestengs, dat duerch vulkanesch Aktivitéit a séiert Ofkille vun der Gestengsglasur op der Äerduewerfläch entsteet. Vulkanitte gëtt et als Lavastroum oder als Pyroklasten resp. Pyroklastesch Sedimenter. Si bilden zesumme mat de Plutonitten (Déifgestengs), déi aus lues an déiwe Beräicher vun der Äerdkuuscht ofkillender Glasur (Magma) entstinn, d'Grupp vun de magmatesche Gestengs (Magmatitte). Geleeëntlech gëtt Gestengs, dat am Iwwergangsberäich vu Vulkanitten a Plutonitte verhäert sinn, als Subvulkanitte bezeechent.

Rhyolith: E Vulkanit mat porphyrescher Struktur. Asprenglinge aus haaptsächlech rosafaarwenem Feldspat an däischterem Quarz leien an enger granuléiser roudelzeger Grondmass aus de gläiche Mineralen vir.

Struktur änneren

 
In-situ-Genesis vun engem Vulkanit: E basaltesche Lavastroum op Hawaii
 
Ausworf vun Tephra um Mount St. Augustine

Eruptivgestengs ass am Géigesaz zum Déifgestengs dacks reng granuléis oder souguer glaseg verhäert, wat zu enger méi gläichméisseger Fierwung féiert. Grond dofir ass déi séier Ofkillung, wéinst der kuerzer Zäit déi fir de Wuestem vu grousse Kristalle bleift. Ginn awer an der Magmakummer kultivéiert Kristalle matgefouert a bei der Kristallisatioun vun der Glasur als Asprenglinge an der feiner Grondmass ageschloss, da schwätzt ee vun engem Gestengs mat porphyrescher Struktur, wat fir vill Vulkanitte charakteristesch ass. Als Lavastroum verhäerten Eruptivgestengs kënne vill duerch vulkanesch Gase geformte Blosenhuelraim enthalen. Wärend dem Ausfléisse vum Lavastroum kann et duerch Areglung vun tafelege oder stängelege Kristallen parallel zu der Fléissrichtung zu der Ausbildung enger sougenannter Fléisstextur resp. enger trachytescher Struktur kommen. Op pyroklasteschem Wee verdeelt Vulkanitte (Tephra, z. B. Tuff, Bimssteen) lagere sech dacks schichteweis of a bilde sou en Iwwergank zu de Sedimenter.

Zesummesetzung änneren

De Mineralbestand vu vulkaneschem Gestengs ass villfälteg a spigelt eng Rei vu Prozesser vun der Magmagenesis an der Ofkillungsgeschicht vum Magma (fraktionéiert Kristallisatioun) zeréck. Heefeg optriedend Minerale sinn z. B. Quarz, Feldspat, Foide, Pyroxene, Olivin, Amphibole, Magnetit an aner Oxide. Dacks enthalen Vulkanitten och Aschlëss vun Niewegestengs (Xenolithe), dat an d'Magmakummer gestierzt ass oder wärend dem Eropkomme vum Magma vun de Schaarschtegwänn matgerass gouf. En typescht Beispill sinn hei déi an de Basaltstufe vun der Vulkanäifel ze fannen, d'Olivinbommen. Analog zu de Plutonitte léisst sech duerch Magmadifferentiatioun eng graff Reiefolleg vu vulkaneschem Gestengs no senger Differentiatioun (wéineg no héich) uginn:

Pikrit oder BasanitBasaltAndesitTrachytDazitRhyolithAlkalifeldspatrhyolith

Klassifikatioun a Beispiller änneren

 
Klassifikation der Vulkanite im Streckeisendiagramm.

Jee no Aart vum vulkanesche Gestengs kënne verschidde Klassifikatiounsmethoden ugewannt ginn. Verbreet ass d'Andeelung mat Hëllef vum Streckeisendiagramm unhand vun hirem Mineralbestand. Rengbrécheg oder glaseg Vulkanitte ginn am TAS-Diagramm no hirer cheemescher Zesummesetzung klassifizéiert. Weider Andeelungsschemata besti beispillsweis fir ultramafesch oder alkaliräich Vulkanitten, souwéi fir pyroklastesch Sedimenter.

E puer Beispiller fir Vulkanitte sinn:

Virkommen änneren

 
Tephraschichtunge bei Weibern (Eifel). An der zirka 30 m héijer Wand sinn ettlech vulkanesch Oflagerungszyklen opgeschloss, d'Schichte bestinn virun allem aus Bims an Äschen.

Vulkanesch Gestengs goufen an allen Äerdzäitalteren geformt an entstinn och haut a Gebidder mat aktiver vulkanescher Aktivitéit. Vulkanitte trieden op alle Kontinenten op, besonnesch a Beräicher rezenter oder fréierer Kontinentalplackeränner, Rifts an Mantle Plumes. Déi volumenméisseg bedeitenst Grupp sinn d'Basalte vun den Ozeanbueden, déi an de mëttelozeanesche Réck geformt ginn (MORB). D'Existenz vu Vulkanitten sinn net nëmmen op der Äerd, mä och op äerdänleche Planéiten an hire Mounden bekannt. D'Maria vum Äermound sinn haaptsächleg basaltesch Lavadecken.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • Martin Okrusch, Siegfried Matthes: Mineralogie. Einführung in die spezielle Mineralogie, Petrologie und Lagerstättenkunde. 7., vollstänneg iwweraarbecht an aktualiséiert Oplo. Springer, Berlin u. a. 2005, ISBN 3-540-23812-3.
  • Roger W. Le Maitre (Hrsg.): Igneous Rocks. A Classification and Glossary of Terms. 2nd edition, reprinted, 1st paperback edition. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2004, ISBN 0-521-61948-3.
  • John D. Winter: An introduction to igneous and metamorphic petrology. Prentice Hall, Upper Saddle River NJ 2001, ISBN 0-13-240342-0.

Um Spaweck änneren

Commons: Volcanic rocks – Biller, Videoen oder Audiodateien