Als vulkanescht Glas oder Gestengsglas gëtt e vulkanescht Gestengs (oder en Deel vun engem Gestengs) bezeechent, dat net kristallin ass, mä am amorphen Zoustand als Glas virläit. Dat geschitt duerch ganz séier Ofkillung oder Ofschreckung vu Lava oder vu Magma, sou datt keng Kristallisatioun konnt entstoen. Vulkanescht Glas ass keng eege Gestengsaart, mä e bestëmmte Gestengsopbau. Dat bekanntst Beispill fir Gestengsglas ass Obsidian.

Obsidian

Genesis änneren

Gestengs ka vollstänneg (hyalin) oder nëmmen deelweis (hypokristallin) aus Gestengsglas bestoen (am Géigesaz zu engem glasfräien, holokristalline Gestengs). Et existéieren all Iwwergäng tëscht hyalinem an holokristallinem Gestengs. An engem hyaline Gestengs trieden nëmme vereenzelt kleng Kristallen op, déi ënner Ëmstänn e Fléissopbau bilde kënnen. E porphyrescht Gestengs, an deem eenzel gréisser Mineralpartikelen als Asprenglengen an enger glaseger Grondmass optrieden, gëtt Vitrophyr genannt.

 
Kësselava huet eng glaseg Kuuscht

Déi fir d'Bilde vu Gestengsglas néideg séier Ofkillung gëtt an der Natur meeschtens mam Kontakt vu Lava mat Waasser oder Gletscheräis erreecht. Bei engem explosive Vulkanausbroch gi kleng Lavapartikelen (Tephra) op hirem Wee duerch d'Loft ofgeschreckt. Typesch ass d'Optriede vu vulkanesche Glieser am Kontakt tëscht gliddegem Magma a Waasser. Als Pillow- oder Kësselava gi s'op Mëttelozeanesche Récker a bei anere submarine Vulkane gebilt. Och a subglaziale Vulkanen (z. B. Tafelvulkanen) triede Gestengsglieser op. Am Kontaktberäich vun uewerflächennoen, klengraimegen Intrusiounskierper (Dykes oder Lagergäng) mam kale Niewegestengs ka sech eng glaseg Ofschreckungszon entwéckelen, wärend dat Bannenzegt méi oder manner kristalliséiert virläit.

Struktur änneren

Vulkanesch Glieser entstinn aus Schmëlzen vu verschiddener Zesummesetzung. De Chemismus vu kiselsaierräicher an dohier iwweraus zéiflësseger Gestengsschmëlz déi Glas liwwert, variéiert vu rhyolithesch iwwer trachytesch an andesitesch bis phonolithesch. SiO2-aarm Gestengsglieser hunn eng basaltescher Zesummesetzung. E Gestengsglas ass am Prinzip eng ënnerkillt Glasur, déi an engem metastabilen Zoustand ass. D'Molekülle sinn am Glas weiderhin an engem ongeuerdenten amorphen Zoustand, sou wéi an der ufänglecher Glasur an net an der geuerdenter Kristallstruktur vun engem Festkierper. Wéinst senger Metastabilitéit wandelt sech iwwer geologesch Zäitraim d'Glas an eng thermodynamesch stabil Kristallstruktur ëm (Rekristallisatioun oder Entglasung). D'Kristallisatioun vum Glas geet vu Kristallisatiounskeimen (Klengstkristallen oder Verschmotzungen) aus, ëm déi sech radial Sphäerolithe bilden.

Beispiller änneren

  • Obsidian ass e bekannt Beispill fir e vulkanescht Glas, dat vun steenzäitleche Kulture wéinst senge Brocheegenschafte fir d'Fabrikatioun vu Geschier a Waffe virgezunn a benotzt gouf. Jee no Chemismus schwätzt een vu rhyolitheschem, phonolitheschem, andesiteschem asw. Obsidian.
  • Pechsteen ass e Paleovulkanit, deen deelweis entglaast ass a bis zu 10 % H2O enthält. Pechsteen geet aus geologesch alem Obsidian ervir.
  • Perlit entsteet och aus der Alteratioun vun Obsidian a besteet aus bis zentimetergroussen, hydratiséierte Glaskugele mat konzentresch-schueleger Struktur.
  • Tachylit ass e basaltescht Gestengsglas, dat ë. a. als Ofschreckungskuuscht ëm Pillowlave virkënnt.
  • Palagonit ass e weidert Glas vu basaltescher Zesummesetzung, dat duerch ophuele vu Waasser aus anere primäre Gestengsglieser entsteet (Palagonitiséierung). Op Island ass Palagonit wäit verbreet.
  • Hyaloklastit bezeechent e glashaltegt pyroklastescht Gestengs, dat duerch Fragmentatioun bei Kontakt mat Waasser oder Gletscheräis entsteet.
 
Glasege Bimssteen mat eenzele Glimmer- an Zeolith­kristallen

.

  • Bims ass e ganz poröst oder schaumegt Glas, dat bei explosive Vulkanausbréch vu gasräichem Magma entsteet.
  • Limburgit ass deen an der Tëschenzäit ongebräichlechen Numm fir en hypokristallescht, porphyrescht Gestengs vu basanitescher Zesummesetzung.
  • Reticulit ass en extreem poréist a liicht, basaltescht vulkanescht Glas.
  • Pele-Hoer (och Nornenhoer oder Hexenhoer) ass eent duerch staarke Wand zu dënne Fiedem gezunne vulkanescht Glas.

Literatur änneren

  • Richard V. Dietrich, Brian J. Skinner: Die Gesteine und ihre Mineralien. Ott Verlag, Thun 1979, ISBN 0-471-02934-3

Um Spaweck änneren