Den TAS-Diagramm (TAS= Total Alkali vs. Silica) nom Mike le Bas déngt der Klassifikatioun vu Vulkanitten (Ergossgestengs) duerch d'cheemesch Zesummesetzung vum ganze Gestengs. D'Inhaltee an d'Gewiichtsprozenter vun Na2O + K2O ginn an Y-Richtung géint SiO2 an X-Richtung opgedroen.

Dësen Diagramm gëtt benotzt, wann eng Bestëmmung vum Modale Mineralbestand vum Gestengs, wéi fir d'Klassifikatioun am Streckeisendiagramm verlaangt, net méiglech ass. Dat ass dacks bei granuléierten oder glasege Vulkanitten de Fall.

TAS-Diagramm änneren

 

Den TAS-Diagramm ass a 15 Felder opgedeelt. D'Bezeechnunge vun den eenzele Felder, d. h. d'Nimm vum Gestengs, gläiche meeschtens deenen am Streckeisendiagramm. Am Eenzele sinn dat:

Gestengsnumm Kierzel Bemierkung
Foidit F Benennung nom bestännegste Foid, wa méiglech. Melilithit fällt och an dëst Gebitt a kann duerch zousätzlech cheemesch Kriterien ënnerscheet ginn
Picrobasalt Pc
Basanit an Tephrit U1 Ënnerscheedung duerch normativ Mineralogie (CIPW-Norm oder Barth-Niggli-Norm)
Phonotephrit U2
Tephritphonolith U3
Phonolith Ph
Basalt B Ënnerscheedung duerch normativ Mineralogie (CIPW-Norm oder Barth-Niggli-Norm)
Trachybasalt S1 Déi all Kéier natrium- oder kaliumräich Variante sinn Hawaiit a Kalium-Trachybasalt
basalteschen Trachyandesit S2 Déi all Kéier natrium- oder kaliumräich Variante si Mugearit a Shoshonit
Trachyandesit S3 Déi all Kéier natrium- oder kaliumräich Variante si Benmoreit a Latit
Trachyt an Trachydazit T Ënnerscheedung duerch normativ Mineralogie (CIPW-Norm oder Barth-Niggli-Norm)
basalteschen Andesit O1
Andesit O2
Dazit O3
Rhyolith R

Natriumräich bedeit hei Na2O > K2O, kaliumräich K2O > Na2O

Literatur änneren

  • R. W. Le Maitre et al.: Igneous Rocks: A Classification and Glossary of Terms: : Recommendations of the International Union of Geological Sciences Subcommission on the Systematics of Igneous Rocks. 252 S., Cambridge University Press 2005. ISBN 978-0-521-61948-6