Plutonitten, plutonescht Gestengs oder Déifgestengs sinn e magmatescht Gestengs, dat a grousser Déift duerch extreem luest Ofkille vu Magma entsteet. D'Gestengs wat dobäi entsteet a bei Opstigsprozesser an Erosioun un d'Äerduewerfläch kënnt, gëtt Plutonen oder, wa se grouss Ofmiessungen erreechen, Batholithe genannt. Well an de fir Plutonitten typesche Bildungsdéifte vun en ettleche Kilometer relativ héich Temperature sinn, leeft d'Kristallisatioun méi lues of wéi bei Magma, dat bis un d'Äerduewerfläch eropgedrongen ass (Lava), an aus deem d'Vulkanitten ervirginn. Dofir hu Plutonitten eng typesch grousskäreg Textur.

Typescht Kennzeechebild vu plutoneschem Gestengs (hei e Granodiorit)

Zesumme mat de Subvulkanitten zielen d'Plutonitten zum Intrusivgestengs.

Zesummesetzung

änneren

Duerch partiell Gestengsglasur a magmatesch Differentiatioun – duerch Prozesser wéi z. B. d'fraktionéiert Kristallisatioun – entstinn ënnerschiddlech Aarte vu Plutonitten aus engem ufanks eenheetlech zesummegesate Magma. Duerch déi schrëttweis auskristalliséierend Mineraler verännert sech d'Zesummesetzung vum nach net kristalliséierte Reschtmagma a Richtung vun engem méi héije Silikatundeel, wat sengersäits och d'Zesummesetzung där nach aus dëser Reschtglasur entstoenden Plutonitte kontinuéierlech zu héijere Silikatundeeler verréckelt an déi follgend, zimmlech graff, Kristallisatiounsreiefolleg ergëtt:

PeridotitGabbroDioritSyenitGranodioritGranitAlkalifeldspatgranit
 
Beispill fir d'Klassifikatioun mafescher Plutonitte

Duerch d'Ofhuelen vun donkler Gemëschdeeler ginn d'Plutonitte dobäi an ieweschter Reiefolleg ëmmer méi hell. Sou steet dem donklen, schwaarzgrénge Peridotit um aneren Enn vun der Rei de wiesentlech méi hellen, wann och anescht gefierfte Granit géigeniwwer, an dës steigend Hellegkeet ass eng vun de wichtegsten éischten Ënnerscheedungseegenschafte vun de Plutonitten. Dobäi kënnt, datt hiert spezifescht Gewiicht an der genannter Reiefolleg ofhëlt, wärend d'Kiselsaier zouhëlt. Granit an Diorit gëlle wéinst hirem héije Kieselsaiergehalt als "sauert" Gestengs, Gabbros a Peridotitten dogéint mat hirem klengere Kiselsaiergehalt als "basesch". D'Bezeechnungen "sauer" a "basesch" sinn dobäi allerdéngs alem Biergmannsbrauch ofgekuckt, hunnn also net direkt eppes mam pH-Wäert ze dunn.

Felsesch Plutonitte ginn no hirer prozentualer Zesummesetzung aus Quaarz, Alkalifeldspat, Plagioklas an Foiden an engem Streckeisendiagramm duergestallt, mafesch dogéint an aneren Diagrammen, déi ongeféier den Inhalt vun Olivin, Pyroxen an Hornblende zur Klassifizéierung benotzen.

Struktur

änneren

D'Struktur vu Plutonitten ass charakteristesch. Si besteet bal nëmmen aus auskristalliséierte Mineralen, huet also eng vollkristallin Struktur, an déi meescht vun dëse Kristalle sinn mam bloussem A z'erkennen. Plutonitesch Kristalle hunn wéinst der lueser Ofkillung meeschtens vill Zäit, sech auszebilden a sinn dofir scho meeschtens mam fräien A ze gesinn. D'Gestengsmatrix weist deemno eng mëttel- bis graffkäregt, maximal deelweis porphyresch Struktur, woubäi Mineraler, déi sech fréi auskristalliséiere, bal idiomorph entwéckele kënnen.

Dacks existéiert keng geriicht Textur, a munneche Fäll entstinn duerch Fléissvirgäng awer Fléisstexturen, an deene Kristaller agereegelt sinn an déi lescht Beweegunge vum Magma nozeechnen. Duerch Kristallisatiounsvirgäng an d'Ofhuele vu Kristaller entsteet a munneche Plutonitten eng méi oder manner däitlech Bännerung. Tëscht de Kristalle gëtt et keng Huelraim.

Bedeitung

änneren

Plutonitte sinn dacks d'Ursaach fir d'Genesis vu Mineral- an Äerzlagerplazen, déi awer och bei anere Virgäng gebilt kënne ginn. Uewerflächenopschlëss vu Plutonitte weise sech eréischt no enger Oftrennung vun der Deckschicht, meeschtens verbonne mat Hiewungen a Falunge vu Gestengsschichten. D'Verwitterungsforme vu Plutonitte sinn haaptsächlech ofgerënnt an duuss. Plutonitten, besonnesch de Granit, gi fir Schotter an Pawee benotzt, an deenen déi eenzel Kristalle gutt ze gesi sinn.

Beispiller fir Plutonitten

änneren