Moundphas
Als Moundphase[1] bezeechent een déi ënnerschiddlech Liichtgestalt vum Äerdmound duerch déi perspektivesch Ännerung vu senger Dag-Nuecht-Grenz relativ zu der Äerd wärend sengem Äerdëmlaf.
- Et ënnerscheet ee Vollmound, ofhuelende Mound, Neimound an zouhuelende Mound.
- Neimound, Vollmound an déi béid Hallefmounde bezeechent een als Haaptphasen.
- Am visuelle Widdersproch zu der allgemenger Bezeechnung Hallefmound – dat ass d'Hallefphas (Dichotomie) – bezéie sech d'Astronomen op de volle Zyklus vum Mound an nennen déi zouhuelend Hallefphas éischt Véirel, déi ofhuelend entspriechend lescht Véirel.
- Déi ganz schmuel Moundséchele bezeechne si als Neiliicht an Alliicht.
Iwwerbléck
ännerenEen Ëmlaf vum Äerdmound ronderëm d'Äerd, bei deem de Mound nees déi gläich Stellung zu der Sonn anhëllt, dauert duerchschnëttlech ongeféier 29,53 Deeg (29 Deeg, 12 Stonnen a 43 Minutten) a gëtt synodesche Mount genannt. Hien ass domat knapps e Mount grouss. Tatsächlech si souwuel de Begrëff wéi och d'Längt vun engem Mount vun der synodescher Ëmlafzäit vum Äerdmound ofgeleet.
Déi tatsächlech Längt vun enger eenzeler Period – vun enger Lunatioun – ass zimmlech grousse Schwankungen ënnerworf (kuckt heizou: sideresch Period).
Jee no Stellung vum Mound, der Äerd an der Sonn zoueneen si vun der Äerd aus verschidde Phasewénkele vum Äerdmound z'observéieren. Déi verursaachen déi wiesselnd Gestalte vum Mound um Himmel.
... an de Mound aus Siicht vum Norde vun eiser Äerd | |
---|---|
Déi an der Astronomie aktuell Zielung fänkt mat Neimound (1) un. |
Legend | ||||
---|---|---|---|---|
|
A: Äerd B: Äerdmound C: Ëmlafrichtung vum Mound D: Moundbunn ëm d'Äerd E: Sonnestralen |
D'Gréissteverhältnesser vun den Objeten op de Graphiken an hir Ofstänn zueneen entspriechen net deenen natierlechen.
Visualitéit
ännerenTabell vun den Haaptphasen | ||
Moundphas | Datum (MEZ) |
Auerzäit (MEZ) |
---|---|---|
O Vollmound | 24. Oktober 2018 | 17:45:18 |
Lescht Véirel | 31. Oktober 2018 | 17:40:28 |
Neimound | 7. November 2018 | 17:02:11 |
Éischt Véirel | 15. November 2018 | 15:54:29 |
O Vollmound | 23. November 2018 | 06:39:19 |
Lescht Véirel | 30. November 2018 | 01:18:58 |
Neimound | 7. Dezember 2018 | 08:20:35 |
Éischt Véirel | 15. Dezember 2018 | 12:49:25 |
O Vollmound | 22. Dezember 2018 | 18:48:46 |
Lescht Véirel | 29. Dezember 2018 | 10:34:33 |
Neimound | 6. Januar 2019 | 02:28:28 |
Éischt Véirel | 14. Januar 2019 | 07:45:35 |
O Vollmound | 21. Januar 2019 | 06:16:08 |
Lescht Véirel | 27. Januar 2019 | 22:10:37 |
Neimound | 4. Februar 2019 | 22:03:41 |
Éischt Véirel | 12. Februar 2019 | 23:26:14 |
O Vollmound | 19. Februar 2019 | 16:53:35 |
De Mound ass eng passiv Liichtquell, dat heescht, hie reflektéiert nëmmen dat Liicht vun der aktiver Liichtquell, der Sonn.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Mondphasen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Ublécks-Duerstellungen (Phenomeenologie):
- (en) CalSky, Mond – Allgemeng Berechnungen zum Stand vum Mound
- (en) ephemeriden.com – Moundstand a -phasen; aktuell a Berechnung
- (de) Die aktuelle Mondphase, www.computus.de – Berechnung vun der Moundphase an der nächster Sonnen- a Mounddäischtert (JavaScript)
- (de) Ewiger Kalender von 1000 n. Chr. bis 4000 n. Chr., www.rodurago.de – Moundkalenner a Moundphasen.
- (de) mondphase.stephan-brumme.com – Virtuell Usiicht vun de Moundphasen.
- (en) malorny.net – Aktuell Moundphas souwéi Berechnung fir een xbeliebegen Datum
- (de) Astronomy & Photography, Thomas Knoblauch – Algorithmus zu der Berechnung vun de Moundphasen
- Termine (Kalendaresch Daten):
- (de) The Munich Astro Archive – Moundphasekalenner 1700–2200, och mat Algorithmus no dem Meeus
- (en) U.S. Naval Observatory – Genee Zäite vun de Moundphasen, zielen allgemeng als Referenzdate.
Referenzen
änneren- ↑ Jörg Mildenberger: Anton Trutmanns 'Arzneibuch', Teil II: Wörterbuch, Würzburg 1997 (= Würzburger medizinhistorische Forschungen, 56), Band V, S. 2229