Vipernatter
D' Vipernatter (Natrix maura), ass eng Schlaangenaart aus der Famill vun den Natteren (Colubridae). Si ass a Südwesteuropa an Nordwestafrika doheem an ass net gëfteg.
Vipernatter | |||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Eng Vipernatter | |||||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||||
| |||||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||
Natrix maura „L.“ 1758 |
Charakteristiken
ännerenSi gëtt 70 bis 90 (sielen 100) Zentimeter laang, woubäi de Männchen eppes méi kleng ass wéi d'Weibchen. Se si brongelzez oder groelzeg, mat enger gieler, rouder oder olivgrénger Téinung. Um Réck hu se donkel Flecken, déi e Sträifen- oder Zickzackmuster maache kënnnen. Si kann dowéinst mat der Kräizotter verwiesselt ginn, huet ower, anescht wéi déi, ronn Pupillen. Heianansdo huet s'och zwou hell (giel oder roudelzeg) Sträifen de laange Wee um Réck. Um Kapp ass dacks e Muster a Form vun engem oder zwéi V-en.
Si ass net gëfteg.
Verbreedung
ännerenEt fënnt een d'Vipernatter op der ibeerescher Hallefinsel, de Balearen, a Frankräich (ausser an der Bretagne, der Normandie, der Kanalküst an dem Elsass), Deeler vun der Schwäiz, an Nordwest-Italien, op Sardinien, op Korsika an an Nordwestafrika.
Habitat
ännerenVipernattere liewen a waarme Géigenden gär bei rouege Gewässer, an deenen se sech och dacks ophalen. Si kënne gutt schwammen a bis zu enger Véierelstonn ënner Waasser bleiwen.
Ernierung
ännerenSi erniere sech vu Fësch, Amphibien, an deenen hiren Eeër a Larven, déi se ënner Waasser oder um Land fänken, heiansdo och vu Wierm an Insekten.
Reproduktioun
ännerenVipernattere verkoppele sech am Fréijoer, nom Wanterschlof. D'Weibche leet dono tëscht 3 a 16 Eeër, déi tëscht 28–40 mm op 14–19 mm grouss sinn, an e Lach um Uwänner vun engem Gewässer. Jee no Temperatur dauert et 6 bis 13 Wochen, bis déi Neigebueren erauskommen, déi da 14 bis 22 cm laang sinn.
Um Spaweck
ännerenCommons: Vipernatter – Biller, Videoen oder Audiodateien |