D'Kräizotter (Vipera berus), op Franséisch "Vipère bérus" an op Däitsch "Kreuzotter", ass eng Gëftschlaang aus der Famill vun de Viperen (Viperidae). Vun alle Viperen huet d'Kräizotter dat gréisst an nërdlechst Verbreedungsgebitt. Si ass déi eenzeg Schlaangenaart, déi een nërdlech vum nërdleche Polarkrees begéine kann.

Kräizotter

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Uerdnung: Schuppereptiller
Ënneruerdnung: Schlaangen
Famill: Viperen (Viperidae)
Ënnerfamill: Viperinae
Gattung: 'Vipera'
Aart: Kräizotter
Wëssenschaftlechen Numm
'Vipera berus'
L. 1758

Dem Henri Klees no heescht d'Kräizotter an der Géigend vun Zolwer "Wipper"[1].

D'Kräizotter konnt bis haut nach net zu Lëtzebuerg nogewise ginn. D'Schléngnatter gëtt reegelméisseg mat der Kräizotter verwiesselt an d'Aart huet dorënner ze leiden, well d'Leit se aus Angscht direkt ëmbréngen, wa se eng gesinn.

Literatur änneren

  • Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
  • Schiemenz, Hans, 1995. Die Kreuzotter. Neue Brehm-Bücherei Band 332, Westarp Wissenschaften, Hohenwarsleben. ISBN 3-89432-151-2.

Referenzen änneren

  1. Cf. Klees 1981: 31 an der Literatur.