Vertikalkrees (Instrument)

De Begrëff Vertikalkrees (den Numm kënnt vum mathematesche Konzept aus d'sphäresch Geometrie) gëtt an der Geodesie fir déi an Theodolitten agebaut Glaskreesser fir d'Héichtemiessung benotzt, an der Astronomie dogéint fir déi komplette Miessinstrumenter.

Geodetesch Moossariichtung

änneren
 
Horizontal- a Vertikalkrees vun engem Theodolit

Geodete verstinn ënner dem "Vertikalkrees" de Vertikal- oder Héichtekrees vun engem optesch-mechanesche Moossinstrument (Theodolit, Tachymeter). Dësen Deelkrees deen aus Glas oder aus engem Alliage besteet gëtt fir d'Moosse vu Zenitwénkele gebraucht. Si kënne mat Hëllef vu Mikrometer oder elektronesch op ongeféier 1" genee ofgelies ginn, bei méi groussen Universalinstrumenter souguer op 0,1".

De Bezuch zum Senkel gëtt mat engen Héichtekompensator dee sech mat Hëllef vun der Schwéierkraaft aussriicht, oder mat enger ganz empfindlecher Libell gemaach, d'Ofwäichung déi da bleift heescht Héichtenindexfeeler.

Fir d'Verbessere vun der Moossgenauegkeet gëtt den Theodolitteleskop no der éischter Miessung "duerchgeschloen", dat heescht an déi zweet Vertikalkreeslag bruecht. Déi béid Ofliesunge solle sech op 360° (respektiv 400 gon) ergänzen. Déi eventuell Ofwäichung dovun hänkt mam Kollimatiouns- respektiv Zilachsefeeler zesummen. Duerch d'Moosse vum Héichtewénkel (Zenitwénkel) a béiden Teleskoplagen an d'Differenz vun de Moosswäerter entfält deen.

Vertikalkrees als Miessinstrument

änneren

Als Begrëff vun der Instrumenteléier ass et eent an der Héicht an Azimut dréibart astronomescht Wénkelmoossinstrument dat am Opbau dem Meridiankrees gläicht. Et besteet aus engem Teleskop (an der Astrogeodesie vereenzelt och aus engem Spigelobjektiv, zum Beispill beim "Kern DKM3"), deen op enger horizontaler Kippachs justéierbar gelagert ass a vun enger stabiler Altazimut-Montéierung gedroe gëtt. D'Wénkelbeweegungen ëm d'Kipp- a vertikal Achs gi mat grousse, reng agedeelte Kreesser an engem Ofliesmikroskop gemooss.

 
Askania Vertikalkrees, Astronomeschen Observatoire LMU München

Déi Instrumenter sinn d'Virgänger vum Theodolit an erlaben et Héichten- an Horizontalwénkele vu Stäre resp. vu Stärekoppelen am horizontale Koordinatesystem ze bestëmmen.

Als eegenstännegen Instrumententyp koum de Vertikalkrees an der Astronomie, vum 19. Joerhonnert un, lues aus dem Gebrauch, well hie puncto Moossgenauegkeet dem Passageninstrument a besonnesch dem Meridiankrees ënnerleeë war. Beispillsweis gouf 1796 e Vertikalkrees vum Carry (London) mat 2 Fouss (61 cm) Brennwäit um Observatoire Gotha agesat, awer no wéinege Joer weiderverkaf. An der Geodesie gouf en awer a kompakter Bauweis zum Typ vum Universalinstrument weiderentwéckelt.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie