Vertikalkrees
De Begrëff Vertikalkrees gëtt an der Astronomie fir vertikal Grousskreesser souwéi fir déi entspriechend Miessinstrumenter benotzt, an der Geodesie dogéint fir déi an Theodolitten agebaut Glaskreesser fir d'Héichtemiessung.
Vertikalkrees an der Trigonometrie
ännerenAm Sënn vun der sphärescher Trigonometrie ass e Vertikalkrees all Grousskrees dee vertikal um mathemateschen Horizont steet. All déi Kreesser och "Vertikal" genannt ginn duerch de Zenit an den Nadir vum Observatiounspunkt. De Plang an deem se leien heescht Vertikalplang, si sinn orthogonal zum Horizontplang.
De Vertikalkrees deen duerch de West- an Ostpunkt geet heescht "Éischte Vertikal", deen duerch den Nord- a Südpunkt leeft heescht "(Himmels-)Meridian".
Vertikalkrees als Miessinstrument
ännerenAls Begrëff vun der Instrumenteléier ass et eent an der Héicht an Azimut dréibart astronomescht Wénkelmoossinstrument dat am Opbau dem Meridiankrees gläicht. Et besteet aus engem Teleskop (an der Astrogeodesie vereenzelt och aus engem Spigelobjektiv, zum Beispill beim "Kern DKM3"), deen op enger horizontaler Kippachs justéierbar gelagert ass a vun enger stabiler Altazimut-Montéierung gedroe gëtt. D'Wénkelbeweegungen ëm d'Kipp- a vertikal Achs gi mat grousse, reng agedeelte Kreesser an engem Ofliesmikroskop gemooss.
Déi Instrumenter sinn d'Virgänger vum Theodolit an erlaben et Héichten- an Horizontalwénkele vu Stäre resp. vu Stärekoppelen am horizontale Koordinatesystem ze bestëmmen.
- Wann e Vertikalkrees schwenkbar, awer ouni speziellen Horizontalkrees gebaut ass, da gëtt en Transit- oder Passageninstrument genannt. Sou ongeféier 50 cm héich, a massiv gebaut Instrumenter gi fir déi genee Zäitbestëmmung gebraucht (kuckt och Stärenzäit) an och an internationale Miessunge fir d'Bestëmmung vu geographesche Längtendifferenzen.
- Mat engem Horrebow-Niveau (eng speziell genee Libell) a mat an engem optesche Mikrometer ekipéiert, goufe se bis zirka 1980 mat der Horrebow-Talcott-Method fir d'Breetebestëmmung agesat (kuckt International Polar Motion Service).
Als eegenstännegen Instrumententyp koum de Vertikalkrees an der Astronomie, vum 19. Joerhonnert un, lues aus dem Gebrauch, well hie puncto Moossgenauegkeet dem Passageninstrument a besonnesch dem Meridiankrees ënnerleeë war. Beispillsweis gouf 1796 e Vertikalkrees vum Carry (London) mat 2 Fouss (61 cm) Brennwäit um Observatoire Gotha agesat, awer no wéinege Joer weiderverkaf. An der Geodesie gouf en awer a kompakter Bauweis zum Typ vum Universalinstrument weiderentwéckelt.
Geodetesch Moossariichtung
ännerenGeodete verstinn ënner dem "Vertikalkrees" de Vertikal- oder Héichtekrees vun engem optesch-mechanesche Moossinstrument (Theodolit, Tachymeter). Dësen Deelkrees deen aus Glas oder aus engem Alliage besteet gëtt fir d'Moosse vu Zenitwénkele gebraucht. Si kënne mat Hëllef vu Mikrometer oder elektronesch op ongeféier 1" genee ofgelies ginn, bei méi groussen Universalinstrumenter souguer op 0,1".
De Bezuch zum Senkel gëtt mat engen Héichtekompensator dee sech mat Hëllef vun der Schwéierkraaft aussriicht, oder mat enger ganz empfindlecher Libell gemaach, d'Ofwäichung déi da bleift heescht Héichtenindexfeeler.
Fir d'Verbessere vun der Moossgenauegkeet gëtt den Theodolitteleskop no der éischter Miessung "duerchgeschloen", dat heescht an déi zweet Vertikalkreeslag bruecht. Déi béid Ofliesunge solle sech op 360° (respektiv 400 gon) ergänzen. Déi eventuell Ofwäichung dovun hänkt mam Kollimatiouns- respektiv Zilachsefeeler zesummen. Duerch d'Moosse vum Héichtewénkel (Zenitwénkel) a béiden Teleskoplagen an d'Differenz vun de Moosswäerter entfält deen.